Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Still Woozy - Shotput

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chancëgläichheet an der Wëssenschaft: Frae stinn nach ëmmer virun Erausfuerderungen

Fuerschung a Wëssenschaft

Chancëgläichheet an der Wëssenschaft: Frae stinn nach ëmmer virun Erausfuerderungen

Haut ass den internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft. Op dësem Dag soll weltwäit drop higewise gi wéi vill u Potential der Wëssenschaft verluer geet, wëll Fraen a Meedercher nach ëmmer net déi selwecht Chancen an der Fuerschung hunn – an dat besonnesch an de sougenannten MINT Fächer: Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technik. 

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Simone Niclou, Vizerektorin fir d’Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg  | © Carole Schimmer play_arrow
Simone Niclou, Vizerektorin fir d’Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg (Foto: Carole Schimmer)

De weltwäiten Undeel u Fraen an der Fuerschung an Entwécklungsaarbecht läit laut dem UNESO-Institut fir Statistik bei ënner 30 Prozent.

D’Professesch Simone Niclou huet Biologie studéiert, huet eng Dokteraarbecht gemaach an den USA an huet an Holland studéiert. Duerno huet si an der Schwäiz am Beräich Neurodevelopmental Biology gefuerscht.

Am LIH, dem Luxembourg Institute of Health, huet si ee Laboratoire fir Neuroonkologie matgegrënnt. Virun zwee Joer ass si dann zur Vizerektorin fir d’Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg ernannt ginn. Domat ass si déi alleréischte Fra zu Lëtzebuerg op sou engem Posten op der Uni Lëtzebuerg.

D'Decisioun tëschent Karriär a Famill

A wann si de Wee bis dohinner gepackt huet, esou weisen awer d’Statistiken, datt Fraen a Männer net déi selwecht Chancen an der Wëssenschaft hunn. Dat geet och aus enger Etüd ervir, déi d’Karriäre vun Dokteren an Dokteschen an der Neuroonkologie ënnert d’Lupp geholl huet. Eng Etude un där si selwer matgeschafft huet.

"Am Survey waren d’Fraen ëfters entweder eleng oder ouni Kanner, wa si da wierklech weiderkomm sinn. Wärend bei de Männer dat net de Fall ass. Männer si gläich weiderkomm, och wa se Famill a Kanner haten."

Bei de Frae wier iwwerdeems d‘Work-Life-Balace ëmmer wichteg gewiescht. Wa si bis dann eng Famill haten, misste si ee Choix maachen.

D‘Simone Niclou selwer huet keng Kanner gehat. Si krut vun hiren Elteren déi voll Ënnerstëtzung fir hir Karriär opzebauen.

Frae schaffen éischter zesummen, Männer si kompetitiv

Et misst een op alle Fall d’Aarbechtskonditiounen upassen, fir datt Fuerscherinne mat Kanner a Famill och kënne méi eng dynamesch Karriär hunn. Zum Beispill duerch Deelzäitaarbecht, Teletravail oder nach Méiglechkeete fir d’Kannerbetreiung betount d’Simone Niclou.

Ee weideren Ënnerscheed ass och de Fait, datt Männer éischter an der Kompetitioun zu hire Kolleege stinn. Frae géifen éischter am Team zesummeschaffen. Frae géife sech och dacks selwer d’Fro stellen ob si dann déi néideg Kapazitéiten hätten, fir ee Posten unzefroen, wat d’Männer eigentlech net géife maachen, esou d’Simone Niclou.

Fraequot néideg fir d'Chancëgläichheet ze garantéieren

D’Aféiere vu Fraequote wier a verschidde Fäll och sënnvoll, well ee soss d’Chancëgläichheet net géif garantéieren, präziséiert d’Simone Niclou:

"A verschiddene Management Bodys, do sinn d'Quoten op jiddwer Fall ganz sënnvoll. An engem Conseil d'Administration, Board of Governance oder esou, fannen ech dat ganz sënnvoll. An enger Direktioun ass et net einfach, mee op jiddwer Fall wier et och sënnvoll."

D’Simone Niclou huet an hirer Karriär dann och gemierkt datt Fraen éischter Frae rekrutéieren. Männer rekrutéieren éischter Männer. Natierlech gëtt et Ausnamen, betount d‘Simone Niclou.

Méi Professeschen op der Uni astellen

Op der Uni Lëtzebuerg a speziell an der Fuerschung wier ee ganz sensibel op d’Fro vun der Chancëgläichheet. Et hätt een och konkret Moossnamen ausgeschafft, erkläert d’Simone Niclou. Esou solle méi Fraen als Professeschen agestallt ginn. Den Ament géif een do bei 27 Prozent leien. D‘Zil wieren 30 bis 35 Prozent.

"Wat net einfach ass, mee do hu mer wierklech vill Mesuren, wou mer ëmsetzen, ewéi zum Beispill Posten opmaachen déi just fir Frae geduecht sinn."

Am Beräich vun der Fuerschung gi Programmer finanzéiert déi nëmme fir Fuerscherinnen zougänglech sinn. Et ginn och Konferenzen ofgehale vun internationale Fuerscherinnen déi iwwert hir Erfarunge berichten. D’Simone Niclou betount och datt et hir wichteg ass, Fraen ze encouragéieren sech an der Fuerschung duerchzesetzen. 

Lauschterenplay_arrow