Radioen

On air

9 bis 1  |  U2 - Sweetest Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Chambre des Salariés fuerdert Verbesserunge bei de Renten

Pensiounsdebatt

D’Chambre des Salariés fuerdert Verbesserunge bei de Renten

CSL-Direkter Sylvain Hoffmann ënnersträicht, datt niddreg Renten opgebessert musse ginn, well se ënner dem Aarmutsrisiko leien. Eng weider Verschlechterung vum Pensiounssystem, wéi se schonn 2012 geschitt wier, wier net akzeptabel. Falls finanziell Problemer optrieden, missten amplaz d’Recetten erhéicht ginn.

auto_stories

1 min

Sylvain Hoffmann | © Chris Zeien
Sylvain Hoffmann (Foto: Chris Zeien)

Gläichzäiteg warnt d'CSL virun den Auswierkunge vum Klimawandel op d'Aarbechtswelt. Si fuerdert gesetzlech Reegele géint extreem Temperaturen, Schutzmoossnamen um Betribsniveau an d'Upassung vun der Lëscht vu Beruffskrankheeten u klimabedéngte Gesondheetsrisiken. D'CSL fuerdert an deem Kontext een nationalen Aktiounsplang.

"Ech denken zum Beispill, wann et lo sou ass, datt ee bal net kann op d'Aarbecht fueren, wéinst Glatäis a sou weider, datt och do muss am Betrib e Plang gemaach ginn, wie muss da lo wierklech kommen a wéi eng Leit kënnen doheem bleiwen?"