D'Invitatioun hätt hien effektiv positiv iwwerrascht, seet den Alain Brever. Hien ass den Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter. De Service Gero géif d'Pensiounsdebatt interesséiert verfollegen, an hie géif et selwer och begréissen, datt "mer dat Soziaalt an dat Mënschlecht eranhuelen an déi Debatt". Déi politesch Responsabel kéinten dobäi och vun den demografesche Kenntnisser an dem Knowhow iwwer d'Erausfuerderunge vun der eelerer Populatioun profitéieren.
Ee Beispill wier d'Informatioun doriwwer, wat eng eeler Persoun hautdesdaags zu Lëtzebuerg wéinstens brauch, fir dezent ze liewen.
Wat de Pensiounsalter ugeet, wëllt den Alain Brever sech net festleeën. Hie gesäit awer, datt dacks wichteg Ressourcen um Terrain verluer ginn.
"Mir gesinn och, dass Leit net alleguerte gären an d'Pensioun ginn, dass se wierklech nach eppes sichen, duerno wou si sech nach kënne mat abréngen. Awer elo wierklech en Alter dropzesetzen, dat géif ech lo hei mech net trauen ze soen."