Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - You Wanna Freak Out

play_arrow Live
search

/ D‘Chambre des Notaires huet eng Disziplinarprozedur géint hir Presidentin an d‘Weeër geleet

Zweifelhaft Transaktiounen duerchgewonk

D‘Chambre des Notaires huet eng Disziplinarprozedur géint hir Presidentin an d‘Weeër geleet

Dës Informatioun geet aus enger Äntwert vun der Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéierten a fréierer Justizministesch Sam Tanson zeréck.

auto_stories

1 min

D‘Maître Martine Schaeffer war Ufank Mee zu enger Geldstrof an Héicht vu 70.000 Euro veruerteelt ginn.

Si hat virgeworf kritt jorelaang bei zweifelhaften Transaktioune vun aserbaidschanesche Bierger d‘Aen zougemaach ze hunn, um Enn war et zu engem Korruptiounsskandal komm. D‘Notaire hat am Prozess op schëlleg plädéiert.