Ronn véier Méint war d’CGFP mam Ministère vun der Fonction Publique an engem Schlichtungsverfaren. Diskutéiert gouf iwwert de Bewäertungssystem am Kader vum Accord salarial. Zum éischte Januar zejoert haten sech d’Gewerkschaft an d’Regierung drop gëeenegt, de Bewäertungssystem a sämtleche Staatsverwaltungen ofzeschafen.
Serge Willmes: D'Arméi soll eppes wéi ee Bewäertungssystem behalen
Dem néien Arméisgesetz, dat d’lescht Joer am Juni iwwerschafft gouf, gouf awer der CGFP no eng Copy-Paste-Versioun vun deem ale Bewäertungssystem bäigesat. De Serge Wilmes erkläert op Nofro hin, datt et fir d’Arméi wichteg wier, do ee spezielle Bewäertungssystem ze hunn an ze behalen.
“An d'Propos, déi gemaach ginn ass vun der CGFP bei enger Versammlung, déi si virun e puer Woche mat mir haten, dat war, datt d'Arméi eppes soll behalen, wéi ee Bewäertungssystem, mee et däerf net méi Bewäertungssystem genannt ginn.”
Fir d’Gewerkschaft ass d’Bäibehale vun deem Bewäertungssystem am Arméisgesetz awer eng oppen Dier fir et och bei anere Staatsverwaltunge rëm anzeféieren. Fir de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, wier dat e Vertragsbroch.
“Och do maache mir e weidere Recours um Tribunal a mir hätte gär - ob et herno sou ass, wësse mir nach net - datt d‘Regierung hei wéinst Vertragsbroch verurteelt gëtt.”
CGFP: Een allgemenge Konflikt
Weider kritiséiert d’CGFP d’Entscheedung vun der Schlichtungskommissioun, datt et sech ëm ee sektorielle Rechtssträit géif handelen, an net ëm een allgemengen. Déi Entscheedung wier mat enger Majoritéit vu just enger Stëmm getraff ginn. Och dogéint wëll d’CGFP a Recours goen. Et wier een allgemenge Konflikt, well d’Gehälterofkommes fir de ganze Staatsdéngscht géif zielen.
De Minister Serge Wilmes gesäit sech a kenger Sträitsituatioun mat der Gewerkschaft a bléift bei sengen Aussoen.
“Et besteet jiddwerengem dono ëmmer d'Méiglechkeet, fir nach eng Kéier virun d’Geriicht ze zéien an ze versichen, do Recht ze kréien. Bis elo huet weder d'Conservatioun nach d'Mediatioun der CGFP Recht ginn, mee wann si et gäre wëlle maachen, mir sinn an engem Rechtsstaat, da kënne si dat natierlech maachen.”
Parallel zou deenen zwou Plaintë well d’Staatsbeamtegewerkschaft dann den 29. Abrëll eng grouss Protestveranstaltung organiséieren.