D’Staatsbeamtegewerkschaft erkläert sech zwar solidaresch mat deenen anere Gewerkschaften.
Vue datt déi awer net just wéinst der Pensiounsdebatt op d’Strooss ginn, wéilt d’CGFP fir den Ament keng aktiv Roll bei der Manif vum 28. Juni iwwerhuelen, esou d’Erklärung.
Wann d’Regierung awer weiderhin net géif nolauschteren, da kéint et sinn, datt och d’CGFP sech un d’Säit vun den anere Gewerkschafte stelle wäert.
Eegen Aktioun dräi Deeg virdrun
Confirméiert gouf um Dënschdeg bei der CGFP, datt d’Staatsbeamtegewerkschaft de 25. Juni eng eege Protestaktioun virun der Chamber organiséiert. De radio 100,7 hat dat um Méindeg schonn esou gemellt.
CGFP och géint méi héijen Antrëttsalter
Den Debat iwwer d'Pensioune wier iwwerdeems eng Schäindebatt vun der Regierung gewiescht, huet d’Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert.
Dowéinst fuerdert d'CGFP, datt d'Propos vun der Regierung, de Pensiounsantrëttsalter z’erhéijen, komplett vum Dësch soll geholl ginn.
D’CGFP bleift bei hirer Fuerderung vun enger Erhéijung vun de Cotisatiounen.