Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Jam - That's Entertainment

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Aktivitéit um Wunnengsmaart bleift schwaach

Observatoire de l’habitat

D'Aktivitéit um Wunnengsmaart bleift schwaach

D’Aktivitéit um Wunnengsmaart ass och am 3. Trimester vum Joer wäit ënnert dem Niveau vun de leschte Jore bliwwen, an dat an alle Beräicher. Dat geet aus dem neiste Bericht vum Observatoire de l’habitat ervir. De stäerkste Réckgang gouf et bei der Vente vun Appartementer an der Constructioun: Där goufen am 3. Trimester ronn 60 Prozent manner verkaf wéi an der Vergläichsperiod 2022. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Rupert Oberhäuser / picture alliance play_arrow
(Foto: Rupert Oberhäuser / picture alliance)

Déi Tendenz no ënne wier zanter zwee Joer schonn ze gesi gewiescht, mee eréischt zanter Ufank dës Joers wier d’Aktivitéit um Marché vun den Appartementer an der Constructioun esou richteg agebrach, heescht et am Bericht vum Observatoire de l’habitat.

Constructiounskäschten, déi staark schwanken

Dat léich engersäits dorun, datt wéinst den Zënserhéijungen d’Attraktivitéit vun neie Wunnenge fir Investisseuren ofgeholl hätt. Leit, déi sech eng Wunneng wéilte kafen, hätten dowéinst manner finanziell Moyenen. Donieft géif och d’Onsécherheet ronderëm den effektive Präis vun dëse Logementer ofschrecken: De Käschtepunkt vun der Constructioun kann nämlech duerch déi wirtschaftlech Entwécklung staark schwanken.

Generell goufen am 3. Trimester vum Joer 38 Prozent manner Appartementer verkaf, nëmme ganzer 809 Stéck. Dat ass manner wéi d’Hallschent wéi an de Jore virun der sanitärer Kris. De finanzielle Volume vun deenen Transaktiounen ass nach méi staark zeréckgaang, ëm iwwer 45 Prozent op 497 Milliounen Euro am Verglach mat der Vergläichsperiod zejoert.

D'Loyere sinn geklommen

Een änlecht Bild bitt sech um Marché vun den Haiser. Hei gouf et eng Baisse bei de Vente vu ronn 47 Prozent am 3. Trimester 2023. De Finanzielle Volume ass em bal 57 Prozent gefall. Dee Réckgang erkläert sech duerch déi ëmmer méi niddereg Immobiliepräisser. Enn 2022 war déi Baisse liicht ofgebremst ginn. Zanterhier sinn d’Präisser awer, am Géigesaz zu den Erwaardunge weider erofgaangen. Op ee Joer gekuckt ëm 13,6 Prozent.

D’Loyere sinn dogéint geklommen, wuel well d’Demande hei méi grouss ginn ass, ass et d’Erklärung am Rapport vum Observatoire de l’habitat. Zanter dem 2. Trimester dëst Joer hunn d’Loyere fir Appartementer sech stabiliséiert. Bei den Haiser sinn d’Loyeren am 3. Trimester awer ëm 2 an en hallwe Prozent gefall am Verglach mam Trimester virdrun. Op ee Joer gekuckt sinn d’Loyeren ëm knapp 4 Prozent an d’Luucht gaangen.

Lauschterenplay_arrow