D’Dokteschvereenegung schwätzt vun engem “historesche Schratt”, mat deem si e System hanner sech léisst, deen net méi mam Prinzip vun der fräier Beruffsausübung a mat de Realitéite vun der moderner Medezin vereinbar wier.
Wënsch: Reform vum Gesetz an eng nei Konventioun
D’AMMD kritiséiert virun allem de gesetzlechen an automatesche Konventiounszwang, deen d’Fräiheet vun de Medezinner géif aschränken, an de Patienten de séieren Zougang zu Diagnosen a Behandlunge géif méi schwéier maachen.
D’Kënnege vun de Konventioune soll de Wee fräi maache fir eng ëmfaassend Reform vum legale Kader. D’Zil wier eng nei Konventioun, déi méi gerecht, transparent a patientefrëndlech wier, schreift d’AMMD.
Gläichzäiteg betount d’Dokteschvereenegung hire Wëlle fir e "konstruktiven Dialog" mat der Regierung a mat der CNS, fir eng nohalteg a fair Léisung ze fannen, déi d’Qualitéit vun der Medezin an d’Attraktivitéit vum Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg erëm stäerke soll.
Wann an den nächsten 12 Méint keng Eenegung fonnt géif ginn, kann d‘Ministesch der AMMD iwwer e groussherzoglecht Reglement d‘Reegele quasi virginn.