Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sirens Of Lesbos - Zeus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D’ADR bréngt eng Disziplinarprozedur géint den Tom Weidig op de Wee

No Like vu queer-feindlechem Kommentar

D’ADR bréngt eng Disziplinarprozedur géint den Tom Weidig op de Wee

D'Demande vun der ADR-Presidentin Alexandra Schoos a vum ADR-Generalsekretär Luc Reyter fir esou eng Prozedur wier de Méindeg Owend vum Exekutivcomité ugeholl ginn, a se wäert am Nationalcomité debattéiert ginn.

auto_stories

1 min

Alexandra Schoos | © Chris Zeien
Alexandra Schoos (Foto: Chris Zeien)

D'Konsequenze vun enger Disziplinarprozedur kënne vun enger mëndlecher Verwarnung bis hin zum Ausschloss aus der Partei goen, huet d'Alexandra Schoos an hirer schrëftlecher Stellungnam erkläert.

De Facebook-Post, an deem zur "Vernichtung vun LGBTQIA+" opgeruff gi war, an de "Like" vum Tom Weidig dozou wieren inakzeptabel, esou d'Parteipresidentin. D'Alexandra Schoos an den ADR-Generalsekretär entschëllege sech am Numm vun hirer Partei bei alle Leit, déi sech duerch dës "Aktioun op de sozialen Netzwierker" ugegraff, verletzt an diskriminéiert gefillt hunn.