Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beach Weather - Seth Cohen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet 2024 550 Milliounen Euro fir d'Entwécklungshëllef ausginn

Kooperatioun

Lëtzebuerg huet 2024 550 Milliounen Euro fir d'Entwécklungshëllef ausginn

Lëtzebuerg investéiert ronn 1 Prozent vum Revenu National Brut an d'Entwécklungshëllef. Dat huet den Aussen- an Kooperatiounsminister Xavier Bettel de Mëttwoch de Moien an der Chamber preziséiert.

auto_stories

1 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

D’Hëllefen am Kampf géint de Klimawiessel an den Accueil vu Flüchtlinge sinn an där Zomm net matabegraff. De Gros vun där Zomm 72 Prozent ginn an déi bilateral Projeten, 28 Prozent vun der Entwécklungshëllef fléissen an déi multilateral Hëllef.

Gréisser Changementer ginn et an der Sahelzon, wou nach weider mam Togo an dem Benin geschafft gëtt. Déi bilateral Hëllef mam Mali an dem Burkina Faso gëtt dëst Joer awer auslafe gelooss, wéinst de Militärputschen. D’Kooperatioun mam Niger ass schonn zënter 2022 dowéinst suspendéiert. D’Personal vun der Agence Luxdevelopment sinn zum Deel wéinst Sécherheetsproblemer entweder ofgezu ginn oder an de Groussstied transferéiert ginn, esou den Kooperatiounsminister Xavier Bettel.

Am Virfeld vun der Deklaratioun vum Kooperatiounsminister Xavier Bettel haut an der Chamber huet den den David Hoffmann vun der ASTM, wat hie sech vun der Rieds erhofft. Hie vertrëtt d'ASTM am Forum politique (FoPo) vum Cercle de coopération des ONG de développement.

Lauschterenplay_arrow