Radioen

On air

Notturno  |  Nilüfer Yanya - Call It Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Groussbritannie suergt eng nei Reality-TV-Show fir Opreegung

"Go Back to Where You Came From"

A Groussbritannie suergt eng nei Reality-TV-Show fir Opreegung

An der Sendung “Go Back to Where You Came From” geet et ëm Britten, déi a Krichsgebitter geflu ginn, fir dann als Migrant zeréck a Groussbritannien ze fannen. Ob d'Kandidaten dann hir Meenung iwwer Migratioun änneren?

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Go back to where you came from | © Channel 4 play_arrow
Go back to where you came from (Foto: Channel 4)

Sechs Britte ginn an d'Drëtt Welt geschéckt. Eng Grupp geet a Syrien, déi aner a Somalia. Vun do aus soll et um Migrantewee erëm heemgoen. Et muss een hei awer direkt soen, datt si op Schratt an Tratt vu Sécherheetspersonal begleet ginn an natierlech och ni Honger leiden.

Channel 4 nennt dëst een Documentaire, mee et geet hei virun allem ëm Emotiounen. 

D'Kandidate si Leit mat staarke Meenungen, esou beschreift d'Sendung et. Dat ass duuss ausgedréckt, well verschidde Kandidate riichteraus rassistesch sinn. Hir Remarken a Witzer ginn awer vun der Show net kritiséiert a falsch Aussoe ginn einfach esou am Raum stoe gelooss. Haaptsaach, d'Fonke fléien.

Klassesche Reality-TV ouni Plus-value

Leit, déi verschidde Meenungen hu beieneesetzen an hoffen, datt et knuppt. Dat ass dat klassescht Rezept vum Reality-TV, an dat geschitt hei op de Schëllere vun traumatiséierte Leit.

Deenen hir Roll schéngt et nämlech ze sinn, d'Britten ze enseignéieren. A Syrien invitéiert zum Beispill eng Famill d'Kandidaten an hiert zerbommten Haus. Op dem Dave seng Fro, ob si keng staatlech Hëllef kréien, musse si him erklären, datt et a Syrie jo guer keng Regierung gëtt.

Et ginn och rassistesch Witzer gemaach, déi een net widderhuele wëllt, an d'Kandidate beschreiwen d'Plazen, déi si besichen, als Hell an als shithole.

Dem Channel 4 gëtt virgeworf, de Rassisten eng Plattform ze bidden

Fir sech mat problemateschen Usiichten auserneenzesetzen, missten dës ausgestraalt ginn, esou déi Responsabel fir Documentairë beim Sender. "Soss verdreiwe mir si an den Internet, wou si sech verbreeden, a wou mir dann esou explosiv Evenementer kréie wéi d'rietsradikal Onroue vum Summer," sot si.

Dem Dave kommen zum Schluss vun der Episod op emol d'Tréinen. Hien ass schockéiert, wéi Kanner op engem Dreckstipp a Syrien no Saache wullen, déi si duerno verkafe kënnen.

"Wisou hëlleft da keen hinnen? Dat do huet mech elo traumatiséiert" seet hien. Wärend him d'Tréinen iwwer d'Gesiicht lafen, fänken zwou Kandidatinnen nieft him erëm u mat streiden. Wäertvoll Denkustéiss an der Migratiounsdebatt huet d'Show bis elo nach net geliwwert, bornéiert Aussoe gouf et awer genuch. Haut den Owend gëtt déi 2. Episod ausgestraalt, dës Kéier geet an de Libanon an a Libyen.

Lauschterenplay_arrow