De Republikaner huet op en Neits betount, datt et an der Ukrain seele Mineralie géif. Den Donald Trump hat déi amerikanesch Hëllef fir d‘Ukrain un den Accès zu deene Matières premières geknäppt, de Selenskyj huet sech doropshi kooperatiounsbereet gewisen.
Joe Biden krut Accès op Geheimdéngschtinformatiounen entzunn
Den Donald Trump entzitt iwwerdeems sengem Virgänger Joe Biden den Zougang zu Geheimdéngschtinformatiounen. Dat huet hien op sengem Online-Sproochrouer Truth Social matgedeelt. Normalerweis hu fréier Presidente weiderhin eng gewësse Sécherheetsfräigab,. Well den Joe Biden dem Trump no sengem eegenen Amtsuntrëtt 2021 och den Zougang zu bestëmmten Informatioune vun der nationaler Sécherheet entzunn hat, huet hien elo den nämmlechte Schrëtt gemaach.
US-Verdeedegungsminister an Europa ënnerwee
Den neie Chef vum Pentagon, Pete Hegseth, wäert iwwregens d‘nächst Woch an Europa ënnerwee sinn. De Verdeedegungsminister soll an Däitschland, d‘Belsch a Polen reesen, fir ënnert anerem amerikanesch Militärinfrastrukturen ze besichen. Zu Bréissel wäert den Hegseth ënnert anerem un der Renconter vun den Nato-Verdeedegungsministeren deelhuelen.