Och wann déi weltwäit Unzuel u Kärwaffen zanter Jorzéngte géife falen, géifen d‘Staaten hirt Vertrauen an déi nuklear Ofschreckung verstäerken an hätten ëmmer méi asazbereet Atomwaffen, sou d‘Conclusioun. D‘Experten erwaarden sech, datt deen Trend iwwert déi nächst Jore weider no uewe wäert goen. Dem Sipri no hu weltwäit 9 Länner Atomwaffen. Spëtzereider sinn dobäi d‘USA a Russland, si hunn zesummen 90 Prozent vun allen Nukleare Sprengkäpp an hirem Besëtz.
arrow_back_ios
search
search
/ D'Zuel vun den asazfäegen Atomwaffe geet an d'Luucht
Sipri-Institut
D'Zuel vun den asazfäegen Atomwaffe geet an d'Luucht
D‘Unzuel vun Atomwaffen déi direkt kéinten agesat ginn, ass d‘lescht Joer op en Neits an d‘Luucht gaangen. Dat geet aus dem neiste Joresrapport vum schweedesche Friddensfuerschungsinstitut Sipri ervir.
auto_stories
1 min

Atomwaffen (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)