Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Aarbechtsklima an d'Roll vun engem externe Consultant waren Theema am Sandweiler Gemengerot

Kommunales

D'Aarbechtsklima an d'Roll vun engem externe Consultant waren Theema am Sandweiler Gemengerot

Den Dënschdeg huet d'LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer virop op e Froekatalog vun der CSV am Zesummenhank mam externe Consultant geäntwert. Dee wier geholl ginn op Grond vu senge Kompetenzen, an et wier keen anere gefrot ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Sandweiler Gemeng | © Eric Ewald play_arrow
Sandweiler Gemeng (Foto: Eric Ewald)

Si hätt och keng Kenntnis doriwwer, datt dee Beroder Drock op d'Personal maache géif, sot d'Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer. 

"Dat Eenzegt, wat ech hunn: Ech krut eng Demissioun wéinst Harcèlement, mee dat huet näischt mam Schäfferot ze dinn."

Den Inneministère huet Froen un de Schäfferot

Doropshi gouf iwwer eng Motioun vun der LSAP/DP-Majoritéit diskutéiert, déi ënner anerem virgesäit, fir weiderhin op esou extern Expertisen ze setzen. D'CSV hat dozou den Inneministère ugeschriwwen, deen e puer Hoer an der Zopp fonnt huet. Der Simone Massard-Stitz no hätt an den Ae vum Ministère ënner anerem eng ëffentlech Ausschreiwung misse gemaach ginn. Den Inneminister fuerdert de Schäfferot mat him matzedeelen, wat de Consultant bis elo gemaach hätt a wat en an Zukunft géif maachen.

Fir de Jean-Paul Roeder vun déi gréng hat d'Majoritéitsmotioun ee spezielle Sënn. 

"Wéi mir den Dossier gesinn hunn, du ware mer eis kloer, dass dat do eng Motioun war, fir déi Motioun, déi mir presentéiert haten, ze neutraliséieren."

Jacqueline Breuer: "Mir konzentréieren eis op de Bierger"

D'Motioun vun der Majoritéit gouf dann och ugeholl an déi vun déi gréng verworf. Dora war ënner anerem gefuerdert ginn, fir der Zesummenaarbecht mam Beroder en Enn ze setzen. "Mir hunn näischt mat enger FGFC ze dinn a konzentréieren eis op d'Gemeng an d'Bierger", sot d'Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer, iwwerdeems sech den DP-Schäffe Claude Mousel mat der Oppositioun ugeluecht huet.

"Dir wëllt elo vertuschen, dass Dir ewell 20 Joer näischt gemaach hutt. Dat ass Äre Problem."

Zum Schluss wollt den CSV-Gemengeconseiller Jean Lemmer nach Froen zum Bréif vum Inneministère beäntwert kréien. D'Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer huet doropshin deklaréiert, datt si net op e Bréif äntwere géif, deem säi Contenu si net kenne géif.

Lauschterenplay_arrow