arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss Ënnerscheeder bäi de Paie vu Gemengenemployéen

Kritik vum OGBL

|
reading time

1 min

Grouss Ënnerscheeder bäi de Paie vu Gemengenemployéen

Den OGBL kritiséiert, datt et grouss Divergenze tëscht de Gehälter vun de Salariéen tëscht de Nord- an de Südgemenge ginn. Bei de Salariéë gëtt et nämlech keng gesetzlech Lounstruktur.

reading time

1 min

Fir d‘Salariéen, déi bei de Gemengen ugestallt sinn, ginn et Kollektivverträg, an do géifen et grouss Ënnerscheeder tëscht dem Norden an dem Süde ginn, sou den OGBL an engem Communiqué.

An den Nordgemenge wieren d‘Ongläichheeten tëscht Beamten an Salariéen an de Gemenge vill méi grouss, a ville Gemenge géif et nach eng konservativ Zwou-Klassen-Tarifpolitik ginn an den OGBL fuerdert, datt dat geännert gëtt.