Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Corona-Hëllefe fir Air France waren net legal

Europäesche Geriichtshaff

Corona-Hëllefe fir Air France waren net legal

Den Europäesche Geriichtshaff huet déi accordéiert Milliarde schwéier Corona-Hëllefe fir Air France als net legal erkläert, D‘Europäesch Kommissioun hätt déi méiglech Auswierkung op de Wettbewerb net opmierksam genuch gepréift esou d‘Geriicht hei um Kierchbierg.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Urbanandsport
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Urbanandsport)

Schonn am Mee hat d‘Geriicht d‘Erlabnis vun der Kommissioun fir staatlech Corona Hëllefe fir Lufthansa net zougelooss. Lufthansa ass allerdéngs an Appell gaangen. Sollt et bei dësen Decisioune bleiwen da missten d‘Staaten d‘Suen zeréckfuerderen. D‘Bëllegfluchgesellschaft Ryanair hat geklot. Si hat argumentéiert datt déi staatlech Hëllefe fir Air France net mam EU-Recht am Aklang wieren.