Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bayrou: Et ass d'Stonn vun der Wourecht

Budget a Mësstrauensvott a Frankräich

François Bayrou: Et ass d'Stonn vun der Wourecht

De franséische Premier François Bayrou huet gëschter um Méindegnomëtteg zweemol vum ominéisen Artikel 49,3 Gebrauch gemaach fir de Budget ouni Vott duerch d'Parlament ze boxen, well hie keng Majoritéit huet. E Manöver, dee sengem Virgänger Michel Barnier zum Verhängnes gouf. Och de Bayrou muss sech elo e puer Mësstrauensvotte stellen. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Am Dezember, kuerz no sengem Amtsuntrëtt, hat de François Bayrou versprach, datt hie just am Fall vun enger kompletter Blockad beim Budget vum Artikel 49.3 géing Gebrauch maachen. Dat nodeems jo d'Regierung vu sengem Virgänger Michel Barnier wéinst dësem Artikel e Mësstrauensvott net iwwerstanen hat.

Dem Image vum Land net schueden

De Premier wäert gëschter keng Alternativen zu dësem drastesche Schratt gesinn hunn. Kuerz virun der geplangter Ofstëmmung huet hie vum 49.3 Gebrauch gemaach.

Et wier d'Stonn vun der Wourecht, esou de Bayrou. Kee Land kéint ouni Budget auskommen, scho guer net Frankräich. Sollt et kee Budget ginn, da géing den Image vum Land beschiedegt ginn, sot de Premier. De Budget wier elo e wichtegt Signal un d'Populatioun. 


A wäiten Deeler ass et de Budget, dee schonn de Michel Barnier wollt duerchsetzen. An enger spezieller Commission mixte paritaire gouf dësen awer ugepasst fir de Widderstand vun der Oppositioun ze reduzéieren. Et wier kee perfekte Budget, mee e Kompromëss, esou de Bayrou.

Parteie bezéie kloer Positiounen

D'Lénkspartei La France Insoumise gesäit dat anescht a wäert zwee Mësstrauensvotten areechen. Fir datt dës awer Erfolleg hunn, musse se vun de Sozialisten an dem rietsextreemen RN matgedroe ginn. D'Sozialisten hu sech allerdéngs scho kloer positionéiert: Et wëllt ee sech dës Kéier net um Mësstrauensvott vum Lénksbündnis-Partner LFI bedeelegen. De Jean-Luc Mélenchon sot, d'Sozialisten hätte sech domadder aus dem Nouveau Front Populaire erausbeweegt a sech quasi der Regierung ugeschloss. Och de Kommunistechef Eric Coquerel koum op BFMTV zu dësem Urteel.

D'Sozialiste selwer gesi sech weiderhi kloer an der Oppositioun. Et hätt een awer mat der Regierung verhandelt an dobäi och vill duerchgesat, ënner anerem d'Indexéierung vun de Pensiounen oder d'Sécherung vum Remboursement bei de Medikamenter. Et wier hir Flicht dofir ze suergen, datt d'Land e Budget kritt, esou de Sozialist Jérôme Guedj gëschter op BFMTV.

E Mëttwoch wäert et eng éischt Ronn Mësstrauensvotten an der Assemblée ginn. Den RN wëllt kuerzfristeg entscheeden, wéi ee sech positionéiert. Kloer ass awer, ouni Support vun de Sozialiste bleift de Bayrou am Amt a kann en Hoken hanner seng éischt grouss Erausfuerderung am Parlament maachen.

Lauschterenplay_arrow