Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: D'EU wéisst sech an engem méiglechen Handelskrich mat den USA ze verdeedegen

Reaktioun op Douanes-Taxen

Luc Frieden: D'EU wéisst sech an engem méiglechen Handelskrich mat den USA ze verdeedegen

Europa ass net do fir als Affer do ze stoen. Dat sot de Premier Luc Frieden am 100,7-Interview als Reaktioun op e méiglechen Handelskrich mat den USA. D'Zil vun der Europäescher Unioun wier e fairen Handel mat den USA. Wann den US-President Donald Trump awer géif Douanestaxe fir europäesch Produiten decidéieren, wéisst d'EU sech ze verdeedegen.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Europa kéim definitiv och un d'Rei: Dat hat den Donald Trump de Weekend gesot. An d'Europäesch Unioun preparéiert sech op ee méiglechen Handelskrich mat den USA. Wéi genee déi europäesch Reaktioun awer ausgesi kéint, dat gouf ee gëschter um Méindeg um informelle Sommet vun de 27 Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel net gewuer.   

"Amerika ass eisen traditionelle Partner"

Virun der Reunioun gëschter hate verschiddener, och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, gesot, d'EU dierft Decisiounen aus Washington net einfach esou akzeptéieren. D'Europäesch Unioun wier net méi schwaach wéi d'USA. A wann een een Handelskrich wielt, dat géing een deen och kréien, esou de Luc Frieden.

Et misst ee sech drëms këmmeren, méi kompetitiv ze sinn, fir datt d’EU ekonomesch méi staark gëtt. Dëst zum Beispill duerch d’Schafe vun Aarbechtsplaze. D’Zil vun der EU wier e fairen Handel mat den USA, esou nach de Luc Frieden.

“Mir wëllen op Aenhéicht mat Amerika als Europäer handelen a verhandelen. Ech soen nach eng Kéier: Amerika ass, wann ech d'Welt kucken, eisen traditionelle Partner vu Wäerter. An ech hoffen, datt och an der amerikanescher Regierung eng Rei Leit gëtt, déi dat esou gesinn."

D'EU ass preparéiert, fir ee "staarken an awer och konstruktiven" Dialog mat den USA ze féieren, huet iwwerdeems d'Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d'Ursula von der Leyen, betount.

D'EU steet hanner Dänemark a Grönland

De Luc Frieden ass am 100,7-Interview och op Aussoen agaangen, déi den Donald Trump rezent iwwer Grönland gemaach huet. Den amerikanesche President huet nämlech Interessi un der gréissten Insel vun de Welt gewisen. Dat ënner anerem wéinst der strateegescher Lag.

"Wann een Europa géif op iergendeng Fassong attackéieren, da wësse mir eis och ze verteidegen. Dat gëllt iwwregens och fir Grönland, wou de President vun Amerika Aussoe gemaach huet, déi mir absolutt net kënnen deelen, a wou mir och gëschter alleguerten der dänescher Premierministerin gesot hunn, datt mir och do géife reagéieren an op der Säit vun Dänemark géife stoen."

D'EU ënnerstëtzt dat dänescht Kinnekräich, huet de Conseilspresident Antonio Costa gëschter um informelle Sommet betount. Déi dänesch Souveränitéit a seng territorial Integritéit wieren essentiel fir all d'EU Memberlänner. 

De ganzen Interview mam Luc Frieden

Lauschterenplay_arrow