Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Wierder, déi (relativ) rezent an den LOD opgeholl goufen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kallas an Tusk si sech eens: Europa dierf net méi bei der Defense spueren

Reaktioun op Aussoe vum Donald Trump

Kallas an Tusk si sech eens: Europa dierf net méi bei der Defense spueren

D‘EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas sot, den US-President Donald Trump hätt recht fir ze soen, d‘EU géif net genuch fir hir Verdeedegung ausginn. D‘EU géif Milliarden a Schoulen, Gesondheet a sozial Leeschtungen investéieren. Mee alles dat wier a Gefor, wann d‘EU net méi an hir Defense investéiert, sou d‘Kaja Kallas zu Bréissel.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski
Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski

Si huet betount: D‘USA wieren der EU hire stäerksten Alliéierten an dat misst esou bleiwen. 

Déi estnesch EU-Aussebeoptraagt sot och, datt d‘Geheimdéngschter virun enger méiglecher russescher Attack op een EU-Staat no 2028 géife warnen. Dofir misst d‘EU net nëmme Suen ausginn, fir Krich ze verhënneren, mee och fir sech op Krich virzebereeden.

Een änlechen Appell koum um Mëttwochmoie vum polnesche Premier Donald Tusk am Europaparlament zu Stroossbuerg. Wann Europa iwwerliewe wéilt, da misst opgerëscht ginn.

Den Donald Tusk huet zu Stroossbuerg d‘Schwéierpunkte vun der polnescher EU-Presidence virgestallt. Do huet hie gesot, Europa misst den Appell vum Donald Trump eescht huelen, fir d‘Defensedepensen op 5 Prozent eropzesetzen. Europa kéint sech net méi leeschten, bei der Sécherheet ze spueren.