search

/ Collège médical héiert Dr. Wilmes viru méiglecher Saisie vum Disziplinarrot

Santé

|
headphones

1 min

Collège médical héiert Dr. Wilmes viru méiglecher Saisie vum Disziplinarrot

De Collège médical deelt mat datt den Dokter Philippe Wilmes am Kader vun der disziplinarescher Prozedur gehéiert gëtt. Ob de Fall virun den Disziplinarrot geet, decidéiert sech no deem Gespréich. De Collège médical huet domat eng éischte Kéier ëffentlech op d’Affär Wilmes reagéiert.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Am Schreiwes gëtt confirméiert, wat den Affekot vum Dokter Wilmes schonn des Woch hei op der Antenn annoncéiert hat. An zwar, datt den Dokter Wilmes mëttlerweil d’Matricule vu Patiente kritt hätt, bei deenen hien Operatiounen u gesonde Kräizbänner virgeheit kritt.

Schutz fir d'Whistleblower

De Collège médical ënnersträicht och, datt de Gremium d’Identitéit vun den aneren Doktere kenne géif, déi d’Virwërf géint den Dokter Wilmes formuléiert hunn. Wéinst dem Whistleblower-Schutz géif de Collège médical deenen hir Anonymitéit awer garantéieren. 

D‘100,7-Nouvelle gëtt och confirméiert, datt de Collège médical d’lescht Woch vun den CHL-Dokteren, déi d’Reprochë formuléieren, weider Patientendossiere krut.

Recours agereecht

D’Defense vum Dokter Wilmes huet eis haut um Freideg iwwerdeems confirméiert, datt de Recours géint d’Suspendéierung vum Dokter beim Verwaltungsgeriicht agereecht gi wier, an zwar um Fong an och um Référé.

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez hat den Dokter Wilmes nom Reproche vun Operatiounen u gesonde Kräizbänner fir dräi Méint temporär a partiell suspendéiert.