Am 100,7-Interview betount de Claude Meisch, datt et weider de Staat ass, deen um Logementsmarché am aktiivsten ass. Den Neibau um Privatmarché geet weider just lues virun.
Dem Keefer méi Sécherheet ginn
Am Vefa-Modell, also Wunnengen, déi geplangt sinn oder schonn amgaang si gebaut ze ginn, gesäit de Minister iwwerdeems keng grouss Zukunft méi.
“Perséinlech géif ech elo mengen, datt de Vefa-Modell net méi onbedéngt de grousse Modell fir d'Zukunft wäert sinn, datt méi Leit och wäerte waarde bis eppes gebaut ass, bis et am Bau ass, éier si sech engagéieren. An do muss ee sécherlech och kucken, wéi een dann d'Besteierung zum Beispill upasst an an aner Konditiounen upasst.”
De Claude Meisch wëllt sech awer net just op steierlech Mesurë reduzéieren. Och den Akt vum Kaf soll vereinfacht ginn. Prêten ufroen an accordéiert kréie wier rezent ëmmer "méi komplex" ginn, a kéint Leit ofschrecken.
Ofschreckend sinn och déi sëlleg Faillitten, déi grad bei Vefa-Wunnengen e Risk duerstellen. Deem wëllt de Minister mat engem iwwerschaffte Faillite-Gesetz entgéintwierken, fir de potentielle Keefer méi Sécherheet ze ginn.
Regëster zum Leerstand "technesch opwänneg"
E grousse Problem um Wunnengsmaart bleift och de Leerstand. D’Regierung hat sech virgeholl, eng "Leerstands-Steier" anzeféieren. Déi géing och kommen, betount de Logementsminister. Schwaarz-Blo géing dru schaffen.
Den Dossier wier allerdéngs technesch opwenneg. Et muss een als éischt wëssen, wéi vill eidel Wunnengen et iwwerhaapt ginn. Weider mussen d’Gemenge gesetzlech encadréiert ginn.
Kritik gouf et awer well aus den eegene Reien: D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat an der Vergaangenheet betount, datt een als Gemeng net ëmmer déi néideg Informatiounen hätt, fir e Regëster iwwer eidel Wunnengen opzestellen.
De Claude Meisch kann dat novollzéien, konnt sech awer mat der Lydie Polfer drop eenegen, datt e Regëster trotz allem néideg ass.
Wou d’Stad Lëtzebuerg an och aner Gemengen awer dru si mam Opstelle vun esou engem Regëster, dat konnt de Claude Meisch net soen. Et wier och dem Léon Gloden säi Gesetz an hie wier net Porte-parole vum Syvicol.
Deckelung vun de Logementspräisser bleift eng Optioun
Dem Claude Meisch säi Virgänger hat wëlles, d’Logementspräisser ze deckelen. Och dat wier weider eng Optioun, esou den aktuellen DP-Logementsminister. Grad a Ballungszentere géing dat ëmmer méi staark gemaach ginn.
Wat d’Besoine vun den Investisseuren an de Locatairen ugeet, misst een awer weider am Equiliber bleiwen.
“Mir wäerten am Laf vun den nächsten 2 Joer eng Rei Schrëtt an déi Richtung maachen.”
Den Invest sollt sech lounen, mee raisonnabel bleiwen. Ausserdeem wier ee Mietspiegel néideg, fir sech kënnen ze orientéieren.
Rezent Opdeckunge vu Cafészëmmere "just d'Spëtzt vum Äisbierg"
Rezent an de Schlagzeile stoungen och sougenannte Cafészëmmer, wou Locatairen an onmënschlechen Zoustänn hu misse wunnen.
Am Verglach zu senger Zäit als Buergermeeschter wier een haut vill besser opgestallt, fir där Wunnengen ze detektéieren, erkläert de Claude Meisch. An awer ass hien iwwerzeegt, datt déi rezent Fäll just d’Spëtzt vum Äisbierg wieren.
D’Salubritéits-Gesetz misst iwwerschafft ginn, an och d’Strofen, déi applizéiert kënne ginn, kéinte roueg méi streng sinn, mengt de Claude Meisch. Aktuell riskéiere Leit, déi esou Wunnenge verlounen, eng maximal Geldstrof vun 125.000 Euro, oder bis zu 5 Joer Prisong.
Dës Strofe sollten eigentlech och applizéiert ginn, seet de Claude Meisch.