arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chassez l’ancien Luc, il revient au galop

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Chassez l’ancien Luc, il revient au galop

An den Ukënnegungen zur Rentereform a senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Luc Frieden säi richtegt Gesiicht gewisen. An dat ass alles anescht wéi nei, mengt den Historiker Denis Scuto.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Denis Scuto | © Chris Zeien
Denis Scuto (Foto: Chris Zeien)

"Chassez le naturel, il revient au galop", soen d’Fransousen. Wien d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier gelauschtert huet, dee seet sech: "Chassez l’ancien Luc, il revient au galop." De Luc Frieden ka seng Natur net änneren. Hien agéiert ebe léiwer eleng. Hie geet gäre mam Kapp duerch d’Mauer. Et ass méi staark wéi hien.

Rentereform am Alleingang

Och wann hie kee Wielermandat dofir huet, och wann d’Responsabel vu senger eegener Partei de Kapp rëselen, net ze schwätze vum LCGB deen den 28. Juni mam OGBL géint seng Politik manifestéiert, och wann international Organisatioune wéi d’OCDE esou Mesuren net fuerderen an an engem aktuelle Sondage d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger Wieler a Wielerinnen sech dogéint ausschwätzen, och wann et souvill aner Finanzéierungsquelle ginn, probéiert den neien ale Luc elo am Alleingang seng Rentereform duerchzeboxen. Mat ënner anerem enger Erhéijung vun den Assurance- bzw. Cotisatiounsjoren, also vum Rentenantrëttsalter. Bis zu 5 Joer missten dann d’Leit par rapport zu haut méi laang schaffe goen.

Et interesséiert den neien ale Luc net, mee vläicht seng Kolleegen a Kolleeginnen an der Chamber an an der Regierung, e Bléck an d’Geschicht ze geheien, wat d’politesch Konsequenzen dovunner sinn.

Politesch brisant Theema

D’Indexmanipulatiounen Ufank der 1980er Joren och zu Ongonschte vun de Rentner a virun allem de faméise "Renteklau", wou d’CSV-DP-Regierung 28 Milliarde Scholde vum Staat géintiwwer de Pensiounskeesen einfach annuléiert huet, an d’Masseprotester dogéint, sinn ee vun de Grënn firwat d’LSAP d’Wale gewonnen huet an d’DP 1984 an der Regierung ofléist. 1999 huet ëmgedréint d’Ofschafung vun der 5/6-Pensioun fir d’Fonctionnairen an d’Employés publics am ëffentleche Secteur d’LSAP d’Wale kascht an der DP d’Geleeënheet ginn no 15 Joer nees zeréck an d’Regierung ze kommen.

Géint d'Interesse vun der Majoritéit vun der Populatioun

Déi lescht Reform a Verschlechterung vum Pensiounsregimm staamt aus dem Joer 2012, am Kader vun der Austeritéitspolitik vun der CSV-LSAP-Regierung no der Finanzkris. Opgrond vun der Reform vun 2012 verléiert ee Salarié bis zu 400.000 Euro an senger duerchschnëttlecher 25-Joer-Liewenserwaardung no der Pensioun. De Fouss hannebäi ënner anerem fir de Luc Frieden, mee och deelweis fir d’LSAP bei de Wale vun 2013 reit sech och an dëse Kontext an.

Bei sengem rezenten Alleingang a puncto Mercosur ass den neien ale Luc senger Ministesch Martine Hansen an de Lëtzebuerger Baueren an de Réck gefall. Bei sengem Jamais vu-Alleingang a punkto Rentereform verstéisst hien doriwwer eraus géint de Lëtzebuerger soziale Modell souwéi géint d’Interesse vun der grousser Majoritéit vun der Bevëlkerung, jonk an al. Héich Zäit also zesummen d’Cavaliers seuls vum neien ale Luc ze stoppen.

play_arrow Lauschteren