Am Erwuessenen-Prisong ass de Jonken an engem Block placéiert wou och erwuesse Prisonéier inhaftéiert sinn. De Jonken dierf awer kee soziale Kontakt zou aneren Inhaftéierten hunn.A n dem Sënn gläicht d’ Situatioun enger Isolatiounshaft seet de Charel Schmit. Fir Jugendlecher kënnen esou Erfarungen en Trauma duerstellen, mengt hien.
"D'Politik muss endlech déi Gesetzer änneren, déi en et bis ewell erméiglechen an et och noutwendeg maachen dass ëmmer rëm Mannerjäreger dann am Fong am Erwuessene Prisong ënnerbruecht musse ginn, well keen anere Choix, dem Riichter zur Verfügung steet."
De sozialen Encadrement wier enorm wichteg, och fir ze verhënneren, datt déi Verluerenheet an de Fräiheetsrecht an aggressiivt Verhale géing ëmschloen, betount de Charel Schmit weider.
Evitéieren datt Jugendlecher an den Erwuessene-Prisong mussen
Hien fuerdert eng dréngend gebrauchte Reform zu Lëtzebuerg an Alternative fir kënne mat esou Jugendlechen ze schaffen. Dat géing d’Unité de sécurité zou Dräibuer entlaaschten a géing evitéieren, datt Jugendlecher an den Erwuessene-Prisong misste placéiert ginn.
“Am September huet den Anti-Folter-Kommitee vum Europarot nach eng Kéier Lëtzebuerg drop higewisen, dat ass eppes wat se schonn an de 90er Jore kritiséiert hunn, an d'Regierung opgeruff hunn, dass et endlech zu Lëtzebuerg soll déi Infrastrukture ginn."
Och d'Gesetzgebung an d'Konzepter misste sech ännere fir mat Jugendlechen anescht emzegoen.