Radioen

On air

Notturno  |  Connie Han - Prima Materia

play_arrow Live
search

/ Méi Chancëgläichheet an eng nei Betreiung fir drogenofhängeg Fraen

City Breakfast

Méi Chancëgläichheet an eng nei Betreiung fir drogenofhängeg Fraen

D'Lydie Polfer huet confirméiert, datt eng Plaz fonnt gi wier fir en Zenter ze schafe fir drogenofhängeg Fraen ze betreien. En Vue vun der Chancëgläichheet huet d‘Gemeng Lëtzebuerg sech iwwerdeems en neien Aktiounsplang fir d‘Joren 2023 bis 2027 ginn.

auto_stories

2 min

D‘Dokument zur Chancëgläichheet gouf um Dënschdegmoien um City Breakfast an der Stad presentéiert. Dat an der Kontinuitéit vun de viregte Pläng an alignéiert un déi europäesch Charte fir d‘Gläichheet vu Fraen a Männer um lokalen Niveau. Dora sinn 8 Haaptprioritéiten definéiert, ënnert anerem de Kampf géint Stereotyppen am edukative Beräich a géint geschlechtsspezifesch Gewalt, den Engagement fir d‘Inklusioun vun der LGBTIQ+-Communautéit, oder nach d‘Geschlechtergläichheet am Sport an op der Aarbechtsplaz.

Liicht Kritik un der Santé

D‘Lydie Polfer huet da weider confirméiert, datt eng Plaz fonnt gi wier fir en Zenter ze schafe fir drogenofhängeg Fraen ze betreien, änlech dem Abrigado. D‘Haus géing den Ament vum Gesondheetsministère renovéiert ginn.

An deem Kontext gouf et liicht Kritik géint d‘Santé, well esou Dossieren heiansdo ze laang géife schleefen. Esou och eng Demande vun der Gemeng vu virun enger Rei Méint fir e SAMU Social an d‘Liewen ze ruffen.

"Do brauch een och nees e legale Kader. Et si Situatioune wou der Leit op der Strooss fannt an dat ass onmënschlech. Do mierkt Dir, déi si krank, déi bräichten Hëllef, déi misst ee kënne mathuelen an anzwousch brénge wou si wierklech soignéiert géinge ginn."

'Apéritoure' lafe virun 

Donieft ass d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op déi aktuell Toure vun de politesch Responsabelen duerch d‘Quartieren agaangen. Nach bis an den Hierscht era wäerten déi sougenannt 'Apéritoure' weider stattfannen. D‘Resultat vun deenen Diskussioune mat den Awunner géifen am Fréijoer dann an deene verschidde Quartiere virgestallt ginn.

Stéchwuert City Sounds a Feierlechkeete ronderëm Nationalfeierdag da wier alles ouni gréisser Tëschefäll a ganz erfollegräich verlaf. Bei de Concerten um Glacis de leschte Weekend wieren all Dag eng 20.000 Leit derbäi gewiescht.

Aktualitéit