Dës Woch ass an deem Sënn also nach ideal fir sech op d'Sich ze maachen. Eigentlech sammele mir guer net de Champignon selwer mee de Fruuchtkierper. De Champignon selwer ass d’Mycel, déi laang wäiss Fiedem déi am Buedem wuessen, erkläert de Mike Clemens.
Maximal dierf ee pro Persoun pro Dag ee Kilo Champignone mat Heem huelen. D'Lëscht vun deene Champignonen, déi zënter Januar 2010 un erlaabt sinn hei am Land ze sammelen, fënnt een och um Site vum Groupe de Recherche Mycologique op grm.lu.
Wann ee Champignone mat Heem hëlt fir se ze kachen, muss ee sech wierklech sécher sinn, datt se net gëfteg sinn. Wann ee sech net ganz sécher ass, léiwer stoe loossen. D’Champignon-Experten, Jerry Thorn a Mike Clemens erklären, op wat een alles oppasse muss, wann ee sammele geet.