Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamberkommissioun: Keng Méiglechkeet Smishing ze verhënneren

Falsch LU-Alerten

Chamberkommissioun: Keng Méiglechkeet Smishing ze verhënneren

Enn Januar waren iwwer de staatleche Lëtzebuerger Warnsystem LU-Alert Falschmeldungen un dausende vu Bierger gaangen. Et handelt sech ëm sougenannte smishing. An der Chamberkommissioun fir bannenzeg Affären huet den Inneminister Léon Gloden op Nofro vun déi gréng weider Informatioune ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

LU Alerte | © Jo Diseviscourt play_arrow
LU Alerte (Foto: Jo Diseviscourt)

Eng 27.000 Bierger haten de 26. Januar iwwer LU-Alert eng Falschmeldung kritt. Nëmme puer Deeg drop koumen änlech Meldunge vun der Gesondheetskeess CNS. Et huet sech ëm sougenannte smishing gehandelt, also Phishing iwwer SMS.

Almoudeschen SMS-System

Dobäi gi beim Aloggen d‘Donnéeën an eventuell souguer Passwierder vum Affer ofgegraff, déi kënnen dann duerno fir aner Zwecker mëssbraucht ginn. De Meris Sehovic vun déi gréng erkläert, datt Schold um almoudeschen SMS-System läit.

"Eis ass erkläert ginn, datt hei net an de System Gouv-Alert agedronge ginn ass, datt deen Intakt bliwwen ass, mee datt ganz einfach Acteuren aus dem Ausland souzesoen de Numm gefaked hunn, dat heescht de Numm Gouvalert genotzt hu fir doriwwer SMSen ze verschécken. Den SMS-System ass e relativ almoudesche System deen net erméiglecht, datt een authentifizéiert wouhier SMSe kommen. Dat heescht mir hunn, leider muss ee soen, kee Moyen fir dat an Zukunft ze verhënneren."

Meldunge blockéieren an iwwerpréiwen

D‘Méiglechkeet, datt sech Falschmeldunge widderhuele besteet also weiderhin. De Marc Goergen vun de Pirate gesäit zwou Méiglechkeete fir géigenzesteieren.

"Et kéint een op zwou Piste goen, déi eng Pist wier dat een de Volume kuckt, dat heescht wann en héije Volume era kënnt wéi hei 20.000, datt ee seet mir blockéieren emol déi éischt 1.000 a kucken op et deen och wierklech gëtt an da réischt se duerch de Reseau léisst. Op der zweeter Säit, datt ee kuckt an dat ass dann europäesch, international, datt een en Android-System oder IOS, datt déi schonn an dem Filter wann der e kritt, schreift deen doten ass richteg oder net. Dier kennt dat aus ären Mailen."

Fir de Recht bleift just d‘Méiglechkeet fir d‘Leit iwwer eventuell Risiken opzeklären an all Meldung déi e kritt gutt ze iwwerpréiwen. Déi betraffen SMSe koumen aus Frankräich, der Belsch a Litauen. De Staat huet an Tëschenzäit eng Plainte agereecht.

Lauschterenplay_arrow