D’Chamber huet haut unanime fir d’Kreatioun vun enger Lëtzebuerger Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduite gestëmmt. Dës soll ënnert dem Statut vun engem Etablissement public gefouert ginn.
D’Agence wäert an Zukunft verantwortlech sinn, fir d’Qualitéit, d'Sécherheet a d'Effikassitéit vu Medikamenter a medezinesche Produiten fir Mënsch an Déieren ze garantéieren.
Diskussiounen iwwer de Statut
Ursprénglech war geplangt, datt d’Agence als Etablissement public no privatrechtleche Reegele funktionéiere sollt. Dës Propose hat awer fir staark Kritik vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gesuergt.
D’Staatsbeamtegewerkschaft hat gefaart, dëst wier e Schrëtt a Richtung Privatiséierung vum Gesondheetswiesen. Doropshin gouf de Gesetzesprojet ugepasst. D'Agence wäert elo no ëffentlechem Recht verwalt ginn. Deemno wäerten d’Mataarbechter de Statut vum Fonctionnaire kënnen kréien.
Eenzegt EU-Memberland ouni Medikamenten-Agence
De Mars Di Bartolomeo (LSAP) seet d'Agence géif eng national Autoritéit ginn an domat hoffentlech och e wichtege Partner vun Agencen an de Nopeschlänner. Virop géif een e Partenariat mat der Belsch ustriewen, well hei de Gros vun de Medikamenter hei am Land hierkënnt.
"Dee leschte Beweis fir d'Noutwendegkeet vun där Struktur huet eis d'Covidkris geliwwert. Mir erwaarden eis domat verbessert a méi séier Prozedure fir d'Geneemegung an den Zougang vun neie Medikamenter, grad ewéi d'Kontroll an de Suivi vun de Wierkungen an den Niewewierkunge vu Medikamenter."
De Projet de loi encadréiert och d'Zouloossung vun sou gerannten "Off-Label-Medikamenter". Dat heescht Medikamenter, déi schlussendlech fir een aner Zwecker agesat ginn, wéi fir dee se ursprénglech zougelooss goufen, erkläert de Mars Di Bartolomeo.
"Och de Gebrauch vu Medikamenter fir en Usage compassionnel."
Domat ass ënnert anerem den Asaz vun Medikamenter gemengt, déi nach net zougeloossene sinn. An bei enger ganz schwéierer Krankheet awer zum Asaz kéinte kommen, falls et nach keng aner Behandlung gëtt. Ausserdeem soll fir de Fall vun enger Kris eng sanitär Reserve opgestockt ginn.
Mat dësem Vott wäert Lëtzebuerg als leschten EU-Memberstaat eng Agence mat där Autoritéit aféieren.