Lëtzebuerg hat nämlech Retard beim Ëmsetzen, et geet méi genee dorëms festzeleeën wie fir dëse Kontroll vun den Internetplattformen zoustänneg ass. Wien kritt also d’Roll vum Coordinateur des services numériques kritt a wéi eng Sanktioune kënne ausgesprach ginn?
250 digital Plattformen ze iwwerwaachen
Wéinst der Experienz an dësem Beräich gouf dofir der Autorité de la concurrence dës Kompetenz zougesprach. De Rapporter Guy Arendt seet et wier schwéier, déi genau Charge de travail virauszegesinn, déi d’Konkurrenzautoritéit wäert hunn. Dat virun allem um Niveau vun de Plainten oder den Ufroe fir Kooperatiounen oder Enquêten.
“Enger Schätzung no sinn zu Lëtzebuerg eng ronn 250 digital Plattformen identifizéiert ginn, déi et ze surveilléiere gëllt.”
Wärend d’Vertrieder vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng den Digital Service Act als wichtegt Instrument am Kampf géint Hatespeech a fir d’Demokratie ugesinn hunn, koum Kritik virun allem vun de Piraten an der ADR. Fir den Tom Weidig hätt de Reglement eng “sëllege Knätschgummparagrafen”, e wier och net demokratesch decidéiert ginn. Hien ass der Meenung den Digital Service Act géif d’Meenungsfräiheet ënnergruewen.
Fir déi eng ze vill – fir déi aner net genuch
Dem Sven Clement vun de Piraten no geet de Reglement net wäit genuch. Et wier kee Recht op anonym Internetbenotzung oder e Recht op Verschlësselung fest gehale ginn.
Et misst en sech deemno froe wiem Digital Service Act géif notzen, de Regierungen oder der Industrie, sou nach den Deputéierte vun de Piraten.