Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Causa Science Center: Ministère huet den Audit un de Parquet viru ginn

Justiz

Causa Science Center: Ministère huet den Audit un de Parquet viru ginn

Den Educatiounsministère huet de leschte Freideg de ganze KPMG-Audit iwwert d’ASBL Luxembourg Science Center un de Parquet weider ginn. Dat huet de Ministère dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

1 min

Wa Rechnungen net ganz kënnen nogewise ginn, kann een Doute bestoen, datt se bewosst falsch ausgestallt goufen, huet den Educatiounsministère preziséiert. Fir dat ze klären, wier den Audit un de Parquet gaangen.

Dësen Audit war am Optrag vum Ministère gemaach ginn, wéinst ënner anerem dräi Facturen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro vun der Sàrl. GGM11 un de Luxembourg Science Center. GGM11 gehéiert dem President an Direkter vum Science Center zu Déifferdeng.

De Parquet Lëtzebuerg huet eis confirméiert, vum Ministère mam Dossier befaasst ginn ze sinn. Detailer kéint een de Moment nach keng nennen.