Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Inside Outside

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden wëll ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc erneieren

100,7-Informatiounen no

Luc Frieden wëll ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc erneieren

De Premier Luc Frieden (CSV) wëll 100,7-Informatiounen no den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc virum Trounwiessel, fir deen et nach keen offiziellen Datum gëtt, erneieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Maison du Grand-Duc | © Maison du Grand-Duc play_arrow
Foto: Maison du Grand-Duc

Ee vun den Direkteren schreift an enger interner Kommunikatioun un d’Ekipp, hie misst Mëtt September säi Posten "schwéieren Häerzens" verloossen.

Déi aktuell Membere vum Direktiounscomité géifen en Fonctioun vun hirem Profil nei Poste proposéiert kréien, heescht et. De Mail vum Gilio Fonck, Direkter vun der Administratioun, vum Budget a vum Personal, läit dem radio 100,7 vir.

Op Wonsch vum Ierfgroussherzog

D’Decisioun fir de ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc ze erneiere géif mam zukünftegen Trounwiessel zesummen hänken, sot de Premier Luc Frieden de Mëttwoch virun der Press. Dat nodeems dëse Radio gemellt hat datt déi aktuell Membere vum Direktiounscomité géifen en fonction vun hirem Profil nei Poste proposéiert kréien.

De Wonsch vum Ierfgroussherzog Guillaume wier et, säin Amt mat engem neien an eegenen Team an der Maison du Grand-Duc, unzetrieden esou de Luc Frieden. Dës Decisioun wäert keen Afloss op d’Strukturen an op de System vun der Maison du Grand Duc hunn, huet de Premier verséchert.

"D’Maison du Grand Duc bleift esou bestoe wéi se am Gesetz virgesinn ass. Dat ass also keng Aennerung un de Strukturen oder un de Systemer mee et ass fir dem Grand Duc Heritier eng Ekipp ze ginn déi hie selwer kann eraussichen."

Luc Frieden ersetzt d'Ekipp, déi vum Xavier Bettel nominéiert gouf

Ënnert dem deemolege Premier Xavier Bettel (DP) war 2020 eng Reform vun der Maison du Grand-Duc an d‘Weeër geleet gi fir d‘Personalgestioun um Haff ze verbesseren a fir méi Transparenz an de Fonctionnement sou wéi de Budget ze bréngen.

De Grand-Duc Henri huet op Nationalfeierdag kloer gemaach, datt den Trounwiessel preparéiert gëtt. Den Ierfgroussherzog Guillaume wäert hie vun Oktober 2024 un als Lieutenant-représentant vertriede kënnen. Den Datum fir den Trounwiessel ass offiziell nach net annoncéiert ginn. Eisen Informatiounen no, gëtt op den Oktober 2025 higeschafft.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik