Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staat ënnerbrécht seng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Caritas

Kee Vertrauen an de Management

De Staat ënnerbrécht seng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Caritas

De Staat wäert fir den Ament kee Geld méi un d’Caritas iwwerweisen, well een no der Bedruchsaffär kee Vertraue méi huet an de Management vun der Hëllefsorganisatioun. Dat sot de Premier Luc Frieden no enger Chamberkommissiounssëtzung, un där och déi aner Ministere vun der Famill, der Educatioun an de Finanze participéiert hunn.  

auto_stories

2 min

Et soll en Administrateur provisoire genannt ginn, fir d'Relatiounen tëschent dem Staat an der Caritas ze reegelen, huet de Luc Frieden betount. Wien dat wäert sinn, gouf net gesot.

Wichteg wier et, datt déi Servicer, déi d'Caritas fir de Staat geleescht huet, weider assuréiert ginn. Wéi déi awer solle finanzéiert ginn, dat gouf net kloer vum Premier preziséiert.

Sven Clement: D'Zäit fir d'Caritas gëtt knapp

D'Caritas Lëtzebuerg hätt eegenen Aschätzungen no nach genuch Finanzfonge fir 2 Méint ze fonctionéieren, wéi awer geet et virun? Déi Fro stellt sech den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

"Mir denken hei kënne mer frou sinn, datt Summervakanz ass, datt Maison-relaisen net musse fonctionéieren an deem selwechte Mooss, wéi se dat an der Schoulzäit musse maachen. Mee d'Flüchtlingsheemer mussen all Dag weider dréien."

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot stellt sech och aner Froen iwwer d’Zukunft vun der Caritas, sollt de Staat net intervenéieren. Wéinst de Kreditlinnen, déi gezu goufen, géif sech déi akut Gefor vun enger Insolvenz vun der Caritas stellen.

déi Lénk: Och Banke musse sech Froe stellen

Och de Marc Baum vun déi Lénk ass der Meenung, datt de Staat an där Affär awer méi Responsabilitéiten huet, grad wéi d’Banken.

"An dësem Fall sinn anscheinend Montante vun iwwer 500.000 Euro iwwerwise ginn, op auslännesch Konten. An dat huet d'Banken anscheinend awer net interesséiert."

An zur Gouvernance géif nach Villes ze di ginn, mengt déi gréng Deputéiert Djuna Bernard

Villes am Dossier Caritas bleift nach onkloer, d'Enquête leeft, mee op d'Geld ka recuperéiert ginn, déi Fro steet op.

D'lescht Woch war bekannt ginn, datt bei der Caritas ronn 61 Milliounen Euro ënnerschloe goufen. Virgëschter war eng Persoun, déi sech der Police judiciaire gestallt huet, festgeholl, inculpéiert an ënner Hausarrest gestallt ginn. De radio 100,7 huet iwwerdeems keng Source déi confirméiert, datt déi Persoun, déi sech gestallt huet, och déi Mataarbechterin vun der Caritas ass, géint déi d'Plainte leeft.

Aktualitéit
Politik