Et war déi lescht Sitzung vun der Chamber-Spezialkommissioun. Vu verschiddene Kommissiounsmembere war et'Demande, de Premier Luc Frieden nach eemol ze gesinn, souwéi och de Kooperatiounsminister Xavier Bettel an d'Justizministesch Elisabeth Margue.
But vum Premier ass "erreecht ginn"
D'Carole Hartmann vun der DP erkläert am 100,7-Interview, datt et an deem Kontext d'Zil vun der Kommissioun ass, an Zukunft besser op änlech Situatioune virbereet ze sinn.
"Et geet eis jo drëm als Kommissioun och ze kucken, wat kënne mir vläicht un eisem legislative Kader verbesseren, fir am beschte Fall esou Situatiounen, wéi se bei der Caritas virkomm sinn, ze vermeiden. Ech mengen awer, dass och virun dëser Kommissiounssëtzung u sech scho ganz vill Froe beäntwert goufen."
Wärend der Sitzung hätt een haaptsächlech vun der Oppositioun Froen héieren, déi nach eng Kéier nogehaakt huet, ob dann d'Regierung vläicht awer hätt kéinten anescht reagéieren. Fir d'Carole Hartmann ass awer kloer, datt iwwer déi lescht Wochen däitlech ginn ass, datt déi verschidden Dysfonctionnementer um Niveau vun der Caritas d'Situatioun "net méi einfach" gemaach hunn. Datt mat der HUT ASBL eng nei Entitéit gegrënnt gi wier, ass der Vize-Presidentin vun der Kommissioun no eng gutt Léisung, fir engersäits d'Aktivitéite kënne weiderzeféieren an och e Maximum u Personal kënne weider an der Aarbecht ze behalen.
"Ech mengen, dass dee But, dee jo vum Premier am Ufank genannt gouf, dass deen effektiv erreecht ginn ass."
Wann een den Deklaratiounen no der Sitzung nolauschtert huet een iwwerdeems den Androck, datt d'Loft eraus aus. Effektiv wier d'Aarbecht vun der Kommissioun elo ofgeschloss, seet d'Carole Hartmann. Elo wier et wichteg, zu Conclusiounen ze kommen, an d'Justiz hir Aarbecht maachen ze loossen. Déi nächst Etapp ass elo d'Finaliséiere vum Rapport,
"An dee Rapport, dee gëtt dann och an der Plenière diskutéiert, wat och wichteg ass, fir dass mir awer déi Affär, déi an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn ass, och als Chamber nach eng Kéier an der Plenière diskutéieren a jiddereen do zu Wuert komme loossen, deen eppes dozou ze soen."
D'Justiz hir Aarbecht maache loossen
Eppes, wat zum Schluss nach eng Kéier opkomm ass, ass d'Roll vum Kooperatiounsminister Xavier Bettel, der Carole Hartmann hirem Parteikolleeg. Hie kritt reprochéiert, net proaktiv genuch gehollef ze hu fir déi international Aktivitéiten ze retten. Der Carole Hartmann no misst een awer do tëschent zwou verschiddene Saachen ënnerscheeden.
"Ech denken, dass haut nach eng Kéier kloer ginn ass, dass den internationale Volet net mat deenen nationale Projete ka verglach ginn. Dat eent, dat si Subventiounen, dat anert si Co-Finanzementer. Um internationale Plang ass et kloer, dass keng honnertprozenteg finanziell Ënnerstëtzung stattfonnt huet."
Et hätt een nämlech ëmmer e parallellen Träger gebraucht, dee mindestens 20 Prozent vun de Finanze selwer konnt an d'Hand huelen, erkläert d'Carole Hartmann. Fir vill Projeten um internationalen Niveau wieren och Solutioune fonnt ginn, mat Acteure vu Lëtzebuerg, awer och mat internationalen Acteuren, déi gehollef hunn, verschidde Projete weiderzeféieren.
War eng Spezialkommissioun da schlussendlech elo dat richtegt Instrument an dëser Situatioun? Definitiv, mengt d'Carole Hartmann.
"Ech mengen, dass d'Spezialkommissioun an der aktueller Phas vun enger Enquête pénale dat richtegt Gremium war. Ech mengen net, dass et eis zougestanen hätt, fir esou eng komplizéiert an déifgräifend Enquête als Chamber duerchzeféieren, duerfir hu mir d'Justizautoritéiten, déi do voll an hirer Kompetenz sinn an ech mengen, dass mir dowéinst der effektiv si och lo hir Aarbecht maache loosse sollen."