Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carvalho Constructions Générales ass faillite

Constructiounssecteur

Carvalho Constructions Générales ass faillite

No knapp zéng Joer Aktivitéit huet d’Baufirma Carvalho Constructions Générales d’Faillite erkläert. Dat gouf de Mëtteg an engem Schreiwes vum LCGB matgedeelt an och vum OGBL confirméiert. Betraff si ronn 100 Salariéen, déi vun nächster Woch u keng Aarbecht méi wäerten hunn. Mat Carvalho Constructions Générales muss eng weider grouss Konstruktiounsfirma hir Dieren zou maachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Grond fir d’ Faillite wiere Liquiditéitsproblemer gewiescht, sou heescht et vum OGBL. D’ Gewerkschaft hätt déi lescht Wochen zesumme mam Betrib no engem Investisseur gesicht a wuel och ee fonnt gehat, deen awer a leschter Minutt ofgesprongen ass, erkläert de Jean-Luc de Matteis.

D'Gewerkschafte goufe gëschter iwwerrascht

Wéi haut bekannt ginn ass, hat de Chef vun der Baufirma gëschter zu enger grousser Reunioun opgeruff, an där hien den Aarbechter an Aarbechterinnen d’Decisioun vun der Faillite matgedeelt huet. Fir den LCGB eng iwwerraschend Noriicht, erkläert de Robert Fornieri am 100,7-Interview.

“Le LCGB a été invité à une réunion d'information auprès de l'entreprise, et à notre grande surprise, le patron lui même a informé les salariés en présence des syndicats et du LCGB, que l'entreprise allait être en faillite.”

D'Entreprise hat scho méi laang Probleemer

Am Mäerz zejoert hat de Chef Miguel Carvalho an engem Interview mat Contacto scho gesot, datt d’ Entreprise wéinst de ville Krise Probleemer hätt. Hien hat do schonn dovu geschwat, datt et wäert Entreprisë ginn, déi missten zoumaachen, d‘Energie- a Materialkäschte wieren enorm an och déi dräi Indexéierungen op de Salairen an engem Joer wiere schwéier gewiescht.

Aner Entreprisen iwwerhuelen een Deel vum Personal

Dat wichtegst wier elo, sécher ze stellen, datt d‘Salariéen esou séier wéi méiglech hier Indemnitéite kréichen. Do si sech d’ Gewerkschaften OGBL an LCGB eens.

An Zesummenaarbecht mat der ADEM wäerten d’Gewerkschaften de betraffene Salariéen hëllefen eng néi Aarbechtsplaz ze fannen. Béid Gewerkschaften hunn dovu geschwat, datt schonn aner Entreprisë sech gemellt hätten, fir Aarbechtskräften ze iwwerhuelen. Genau Zuele sinn net bekannt.

Lauschterenplay_arrow