Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Call ID Spoofing”: Ëmmer méi Fäll vu falschen Uriff

Cybersécherheet

"Call ID Spoofing”: Ëmmer méi Fäll vu falschen Uriff

Am Moment kréie vill Leit zu Lëtzebuerg komesch Uriff, déi als Bedruchsmasch gëllen. Wat stécht dohannert a wat kann een dogéint maachen?

auto_stories

4 min

headphones

10 min

Scam Call | © picture alliance / dpa | Matthias Balk play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

Bei den Uriff setzen déi Kriminell dee sougenannte "Call ID Spoofing” an. Et gëtt deemno virgetäuscht, datt den Uruff vun enger lëtzebuergescher Handysnummer aus geet, wat awer net de Fall ass.  

Den Zoufall spillt eng Roll

Dee sougenannte "Call ID Spoofing" ass eng illegal Method fir Uriff mat enger falscher Handysnummer ze maachen. Dat heescht, déi Telefonsnummer, déi um Display ugewise gëtt, ass net déi, vun där ugeruff gëtt. Dat kéint ee sech wéi bei engem Bréif virstellen, bei deem een einfach e falschen Ofsender ugëtt, erkläert de Steve Muller vu Bee Secure.

An Europa géif den Operateur kontrolléieren, ob déi Nummer, déi urifft, och déi ass, déi mat der SIM-Kaart liéiert ass. Mee et gi Länner op anere Kontinenter, wou déi Kontroll net gemaach gëtt, esou de Steve Muller.

"Dat heescht do kënnen d’Leit eng belibeg Telefonsnummer mat schécken. A wann dann eisen Operateur zu Lëtzebuerg den Appell aus dem Ausland kritt, déi gesinn zwar, datt et eng Lëtzebuergesch Nummer ass, mee vu datt si net do sinn, kënne si net kontrolléieren, ob dat elo e Lëtzebuerger ass, dee grad do an der Vakanz ass, oder ob dat eng gefälschten Nummer ass.” 

Dat kënne souwuel Nummere sinn, déi net existéieren (also reng Fantasie-Nummeren) awer och Nummeren, déi zoufälleg enger Persoun gehéieren.

Bee Secure geet am Moment éischter dovun aus, datt déi Kriminell d’Telefonsnummeren, déi um Display ze gesi sinn, zoufälleg auswielen.

Bee Secure: Vill Uriff op d'Helpline

Sou Uriff wiere sécherlech nerveg, vill dogéint maache kéint een als Privatpersoun awer net, seet de Steve Muller. Dacks kéint ee berufflech awer och privat net drop verzichten onbekannten Telefonsnummeren opzehiewen.

 “Also wann déi elo ufänke sech auszeginn als – ech soen elo – als Europol, als Police oder och als CNS, da muss een ëmmer am Hannerkapp behalen: Dat ass eng Nummer, déi ech net kennen. Also dat wat déi mir elo ziele ka potentiell gelunn oder falsch sinn.”

D’Zil vun deene Kriminelle wier et ëmmer, d’Donnéeë vun de Leit ze kréien, sief et Logins wéi Passwierder, oder direkt d’Kreditkaarteninformatiounen, fir da finanziell dovun ze profitéieren.

An de leschten zwou Wochen hätte sech extrem vill Leit bei Bee Secure iwwer hir Helpline gemellt, esou nach de Steve Muller.

“Mir ginn hinnen dann natierlech déi selwecht Hiweiser. Déi meescht Leit, déi uruffen, sinn zum Gléck net betraff. Am Sënn dovun, datt si drop ragefall wieren. Déi hu sech dann éischter Froe gestallt, wéi kann dat elo sinn a sou weider. Mee mir invitéieren natierlech jiddereen, deen och betraff ass op eiser Helpline unzeruffen, wou si da gesot kréien, wat si kënne maachen." 

"Keng Police, déi esou urifft"

Dat Wichtegst wier an deem Fall ëmmer, soubal een Affer vu Cyberkriminalitéit ginn ass, eng Plainte ze maachen, betount de Steve Muller.
 
Och d’Police warnt nees virun deene Bedruchsmaschen iwwer Telefon. Zuelen iwwer dës spezifesch Bedruchsfäll konnt d’Police eis op Nofro hin net ginn.

D’Police mécht an deem Kontext awer nach emol den Appell fir op kee Fall perséinlech Informatiounen oder Donnéeën erauszeginn an d’Telefonsrechnung ze iwwerpréiwen. Mee wat geschitt dann, wann een awer Affer ginn ass?

Fir d'éischt misst ee kucken, wéi eng Donnéeën een eraus ginn huet, seet de Marc Ragancci vun der Police. 

“Wann dat elo Bankdonnéeë sinn, da soll ee seng Bank direkt kontaktéieren, seng Kreditkaarte späre loossen, fir ze verhënneren, datt déi kënne genotzt ginn.”

Iwwerdeems mécht d’Police nach emol kloer, datt d'Police selwer ni géif op dës Aart a Weis Kontakt ophuelen, wann et ëm perséinlech Donnéeë géif goen.

“Et ass keng Police, déi esou urifft, fir eng Kautioun ze froen. Et ass och keng Krankekeess, déi urifft, oder eng Bank oder e Steierbüro, deen urifft, fir perséinlech Donnéeën iwwer Telefon ze froen. Dat mussen d’Leit wëssen. Dat ass allgemeng esou.”

Datt den Handy wärend engem Telefonat géif gehacked ginn, ass iwwerdeems net méiglech. Soulaang ee wärend dem Telefonat net eppes vun de Kriminellen um Handy géif installéieren.

De Begrëff “Spoofing” kënnt iwweregens aus dem Engleschen an heescht sou vill wéi Täuschung oder Verschleierung. Weider Informatioune vun der Police, wann ee vu falschen Nummeren ugeruff kritt, fannt Dir hei.

Leit déi Affer vun engem Bedruch gi sinn, solle am beschte sou séier wéi méiglech hir Bank kontaktéieren oder Worldline Financial Services uruffen ënner der Nummer 491010.