Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill Leit wëssen net op wéi eng staatlech Hëllefe si e Recht hunn

CSL

Vill Leit wëssen net op wéi eng staatlech Hëllefe si e Recht hunn

Vill Leit, déi an der Prekaritéit liewen, gräifen net op déi staatlech Hëllefen zeréck. Dat ass d'Konklusioun vun Enger Etüd vun der Chambre des Salariés, vum Liser a vum Statec. D’Ursaachen dovu si villfälteg.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Mat dëser Etüd wollt een der Regierung och konkret Piste mat op de Wee ginn, fir géint d’Prekaritéit virzegoen, seet d’Presidentin vun der CSL Nora Back.

Schätzungsweis nëmme 60 Prozent vun den eligibele Persoune bezéien d’Allocation de vie chère. Bei der Loyers-Subventioun sinn et souguer nëmmen 20 Prozent, heescht et an der Etüd. Fir rauszefannen, firwat hei den non-recours esou grouss ass, hunn de Statec an de Liser eng 40 qualitativ Entretiene gefouert. Dat mat Persounen, déi déi staatlech Hëllefe scho kréien, mee och mat potenzielle Beneficiairen.

Onwëssenheet a schwierege Suivi

Eraus koum, datt vill eligibel Persoune guer net wossten, wat fir Hëllefen et alles ginn. De crédit d’impot monoparental oder d’Garantie locative zum Beispill sinn éischter onbekannt. Weider geet nach aus der Etüd ervir, datt de Suivi vun der Demande sech oft als schwiereg erweist, wat en Temoignage aus der Etüd weist, erkläert d’Fuerscherin Anne Franziskus vum Statec,

“Et ici, une jeune femme avec deux enfants qui a raconté que la première fois qu’elle a bénéficié de la subvention de Loyer, il y a eu aucun soucis dans son dossier, elle a eu tout de suite sa subvention. Mais la deuxième année, elle a rendu tous les papiers, mais elle a dû attendre des longs mois avant d’être payée et elle a dû faire plusieurs démarches rappelle pour que le dossier se débloque enfin.” 

Informatioune ginn net cibléiert verbreet

Déi néideg Informatioune sinn oft komplizéiert formuléiert a ginn net cibléiert genuch verbreet, geet nach aus der Etüd ervir. Donieft spillen och psychologesch Facteuren eng grouss Roll, erkläert d’Anne Franziskus.

“Le fait de devoir passer par l’office social, ça reste un acte difficile pour un grand nombre de personnes. Mais aussi pour avoir certaines aides, il faut se mettre à nu au niveau budgétaire, il faut montrer tous ses relevés des 3 ou 4 derniers mois.”

Fir déi administrativ Demarchen ze vereinfache proposéieren d’Fuerscher d’Schafe vun engem Guichet Unique. Ausserdeem wier een Automatismus wichteg, fir datt d’Demandeuren net all Joer déi selwecht Dokumenter era schécke mussen. D’Presidentin vun der Chambre des Salariés Nora Back  kritiséiert, datt zanter de Koalitiounsverhandlungen net vill Konkretes méi am Beräich vun der Aarmutsbekämpfung méi geschitt ass.

Lauschterenplay_arrow