Radioen

On air

Notturno  |  Gilberto Cruz - Baby Baby

play_arrow Live
search

/ COP28 gëtt verlängert

Keen Accord fonnt

COP28 gëtt verlängert

D‘ Weltklimakonferenz zu Dubai gëtt verlängert. Déi emiratesch Presidencen huet dat de Moie confirméiert. Dat nodeems et virum offiziellen Ofschloss keen Accord gouf.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Haaptknackpunkt ass den Text iwwert déi fossil Energien. Am Entworf vun der Schlussdeklaratioun, deen d‘Presidence gëschter publizéiert hat, gëtt keen Ausstig aus de fossillen Energië méi erwäänt, mee just nach eng Reduktioun dovun. Vill Länner hunn dat kritiséiert. Och d‘EU an d‘USA fuerdere méi en ambitiéisen Text.

Et wier déi lescht Chance, d‘Zil vun enger maximaler Äerderwiermung vun 1,5 Grad nach anzehalen, sou den amerikanesche Klima-Emissär John Kerry.