Haaptknackpunkt ass den Text iwwert déi fossil Energien. Am Entworf vun der Schlussdeklaratioun, deen d‘Presidence gëschter publizéiert hat, gëtt keen Ausstig aus de fossillen Energië méi erwäänt, mee just nach eng Reduktioun dovun. Vill Länner hunn dat kritiséiert. Och d‘EU an d‘USA fuerdere méi en ambitiéisen Text.
Et wier déi lescht Chance, d‘Zil vun enger maximaler Äerderwiermung vun 1,5 Grad nach anzehalen, sou den amerikanesche Klima-Emissär John Kerry.