Radioen

On air

Tockcity  |  The Black Keys - Stay In Your Grave Feat. Alice Cooper

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill Länner fuerder méi ambitiéisen Text zu fossillen Energien

COP28:

Vill Länner fuerder méi ambitiéisen Text zu fossillen Energien

Op der Weltklimakonferenz zu Dubai gëtt et vill Kritik iwwert deen ëmstriddenen Entworf vun der Schlussdeklaratioun deen déi emiratesch Presidence gëschter publizéiert huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Hannes P Albert
(Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

Well den Text keen Ausstig aus de fossillen Energië méi erwäänt, mee just nach eng Reduktioun dovun, si vill Länner net bereet den Text mat ze droen. Och d‘EU an d‘USA fuerdere bei de fossillen Energië méi en ambitiéisen Text. Et wier déi lescht Chance, d‘Zil vun enger maximaler Äerderwiermung vun 1,5 Grad nach anzehalen, sou den amerikanesche Klima-Beoptraagten John Kerry.

D‘COP28 soll haut offiziell no zwou Wochen op en Enn goen. Eng Verlängerung gëllt awer als warscheinlech.