Deemno géif et fir d’Haaptbeschëllegt, eng Fra, bei 7 Joer Prisong, 3 dovu mat Sursis, bleiwen. Fir déi dräi Matugeklote Männer bléif et bei all Kéiers 5 Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis.
D’Fra hat d’CNS vun 2009 bis 2019 ëm eppes méi wéi zwou Milliounen Euro geschiedegt. Si hat an den informatesche System Remboursementer eragi fir fiktiv international Rechnungen. D’Appellsurteel gëtt de 14. Mee gesprach.