Radioen

On air

Notturno  |  Hayden Pedigo - Elsewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréiere Fernseemoderator Pete Hegseth gëtt US-Verdeedegungsminister

Knappe Vott am Senat

Fréiere Fernseemoderator Pete Hegseth gëtt US-Verdeedegungsminister

De Pete Hegseth gëtt amerikanesche Verdeedegungsminister. De Senat huet de fréiere Fernseemoderator fir dee Poste gestëmmt, woubäi et beim Vott ee Patt vu 50 zu 5o gouf. Zum Schluss ass et op dem Vizepresident J.D. Vance seng Stëmm ukomm.

auto_stories

1 min

Pete Hegseth | © picture alliance / Consolidated News Photos | SHAWN THEW
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | SHAWN THEW

Dräi Republikaner hu mat den Demokrate géint den Hegseth gestëmmt. Hie gëllt als ee vun den ëmstriddenste Kandidate fir déi nei amerikanesch Regierung. Him gëtt ee Manktem un Erfarung virgeheit. Dobäi komme Virwërf vu sexuellen Iwwergrëff aus der Vergaangenheet an hie soll hien exzessiv gedronk hunn. All dëst werft Froen op, ob hie wierklech den gëeegenten Mann ass, fir de Pentagon ze feieren. 

Den amerikaneschen Ausseministère huet iwwerdeems ee Stopp vun 90 Deeg fir de gréissten Deel vun den Auslandshëllefe verhaangen. Dorënner och Suen, déi un d‘Ukrain ginn als Ënnerstëtzung am russeschen Aggressiounskrich. 

Et soll iwwerpréift ginn, ob di Depensen all néideg sinn. Just Israel an Ägypte gi weider ënnerstëtzt.