Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Disappointed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autosfestival: Konsumenteschutz gëtt Recommandatioune raus

Direktioun vum Konsumenteschutz

Autosfestival: Konsumenteschutz gëtt Recommandatioune raus

Mam Ufank vum Autosfestival gëtt de Konsumenteschutz eng Rei Rotschléi beim Kaf vun engem neien Auto. D‘Haaptrecommandatioun ass virun allem déi, sech Zäit ze loossen, éier een de Kontrakt ënnerschreift. Souwuel beim Kaf, wéi beim Leasing.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Virrage Images play_arrow

Wann de Kontrakt bis ënnerschriwwen ass dann huet ee sech engagéiert, betount de Patrick Wildgen vun der Direktioun vum Konsumenteschutz. Falls ee Schwieregkeeten huet, d‘Klauselen am Kontrakt ze verstoen, soll ee sech un d‘ULC, also de Konsumenteschutz wennen, fir Rot ze kréien. 

Dat éischt wat ee muss iwwerpréiwen ass natierlech de Präis, an Alles wat an deem Präis mat abegraff ass, an ob dee ka bis zur Liwwerung variéieren. Deen zweete Punkt betrëfft d‘Delaien. Do kéim et dacks zum Sträit, erkläert de Patrick Wildgen.

Aus de Kontrakter kënnt ee kaum eraus

Als Drëtt misst een iwwerpréiwen, wat geschitt, wann ee sech aus dem Kontrakt zeréckzitt, respektiv wann een e kënnege misst. Et kéint nämlech sinn, datt am Kontrakt Klauselen iwwer Penalitéite stinn, déi een an deem Fall bezuele misst. 

Weider wier et wichteg ze wëssen, datt et bal net méiglech ass aus engem Leasingkontrakt, erauszekommen. Och do soll ee sech also Zäit loossen, betount de Patrick Wildgen.

Neie Service fir d‘Mediatioun tëschent Konsument a Professionellen

Wann een dann nom Kaf, ee Problem huet, wéinst der Liwwerung oder de Prestatiounen an de Garantien, da soll ee bei de Konsumenteschutz goen, deen engem kann hëllefe beim Opstelle vu Bréiwer oder soss juristesch Demarchen, esou nach d’Recommandatioun vum Patrick Wildgen. 

Et gëtt iwwerdeems ee sougenannte Médiateur de la consommation deen tëscht Konsumenten a Professionellen eng Hëllef ubidde fir no enger Léisung ze sichen, dee Service ass iwweregens gratis.

Lauschterenplay_arrow