Um Enn vun där Reform misst d’Steierlaascht nees gerecht 50-50 tëscht physesche Persounen an Entreprisen opgedeelt ginn, an net wéi haut an engem Verhältnis vu 75 zu 25.
Een aneren Haaptsujet um traditionellen Dezember-Rendezvous vun der Staatsbeamtegewerkschaft war dat neit Arméisgesetz, dat am Juli 2023 gestëmmt ginn ass. Deem säin Artikel 32 ass der CGFP een Dar am A, well een Avancementer um Grad vun enger Appreciatioun ofhängeg mécht. Dat wier ee Verstouss géint den Accord salarial, deen de Bewäertungssystem an der ganzer Fonction publique ofgeschaaft huet, gouf kritiséiert.
Haut um Dënscheg hu CGFP a Regierung iwwregens een éischte Rendezvous op der Conciliatioun an deem Kontext.