Fir déi genau Ëmstänn ze klären huet de Stater Parquet Ermëttlungen an eng Obduktioun an Optrag ginn.
Nom Tëschefall war den Zuchtrafic wier länger Zäit ënnerbrach. Op der betraffener Linn 60 tëschent Esch-Uelzecht a Péiteng sinn dofir de Moie keng Zich méi gefuer, an dat a béid Richtungen.
Zanter 10 Auer de Moie wier den Zuchtrafic op deem Deel vun der Linn 60 awer nees ugelaf. Verspéidungen an Annulatioune wieren awer nach méiglech, sou d‘CFL an engem Communiqué.