Radioen

On air

Thé Dansant  |  Kraftwerk - Metropolis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ C an S: Wat bedeiten déi zwee Buschstawen am Numm vun der CSV eigentlech nach?

Fräie Mikro

C an S: Wat bedeiten déi zwee Buschstawen am Numm vun der CSV eigentlech nach?

Wat bedeit den C an den S am Numm vun der CSV eigentlech nach? Besonnesch mam Bléck op d'Heescheverbuet a mam Ëmgank mat der Klimakris? Déi Fro stellt sech de Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Et hat zwar bis den 23. Dezember gedauert, bis de Weibëschof Leo Wagener op RTL säin Desaccord mam Heescheverbuet gesot huet an de Kardinol Jean-Claude Hollerich huet eréischt deen Dag, wou d’Repressioun géint Heescherten ugelaf ass, um radio 100,7 virun engem repressive Stat gewarnt a gemengt, et sollt een net deene Leit wéi doen, deenen et schlecht geet.

D’Regierung hätt och a sengen Ae besser gehat, déi karitativ Organisatiounen ze consultéieren, déi vill besser wëssen, wéi een deene Leit kéint hëllefen. Domat ass dem neie Luc seng Consultatioun vu Caritas a Croix-Rouge beim Optakt vun de Koalitiounsgespréicher als dat entlarvt, wat se war: just en Alibi. Déi nei Regierung mécht just wéi wann d’Aarmut, déi am Land zouhëlt, hir géif Suerge maachen.

"Géint Klimakris virgoe presséiert net"

Déi selwecht Attitüd huet de Premier jo a Saache Klimakris a sengem Neijoerschinterview mam Caroline Mart gewisen: Jo, et gëtt eng Klimakris, sot en, mee et presséiert net fir dergéint virzegoen. Och dat gëtt der Urgence vun der Situatioun net gerecht, mee ass politesch ze verstoen. Well seng aktuell Wieler wäerten effektiv ausser e puer méi waarme Wanteren a staarkem Reen nach net vill vun der Klimakris ze spiere kréien.

Déi zukünfteg Wieler, déi nächst Generatioun, wäert ganz kloer hefteg ënnert der Hëtz an dem Verschwanne vu villen Insekten a Vigel ze leide kréien. Dat ass der aktueller Regierung anscheinend egal, sou wéi et hir och egal ass, datt elo schonn Inselen a Länner beim Mir spieren, datt de Mieresspigel am gaang ass ze klammen, oder datt elo schonn d’Gletschere schmëlzen.

Keng Ideologie

Et ass dofir absolut noutwenneg elo ze handelen, well déi Mesüren, déi haut géint de Klimawandel geholl ginn, wäerten eréischt an 30-50 Joer derzou féieren, datt d’Äerd sech net ëm 2,9 Grad erhëtzt, op déi mer am Moment histeieren. Mee nëmmen ëm maximal 1,5 Grad. Dat ass keng Ideologie, wéi e fréieren LSAP-Wirtschaftsminister all gudde Samschdeg am Wort behaapten däerf, dat ass Naturwëssenschaft.

Hien an de Premier géife gutt drun dinn, dem Poopst Franziskus seng Exhortatioun Laudate Deum vum 4. Oktober 2023 ze liesen, déi déi wichtegst wëssenschaftlech Argumenter gutt zesummefaasst.

Den C an den S aus dem Numm huelen

Ech géif haut just eng Fuerderung un d’CSV riichten, déi d’Zäitschrëft forum säit gefillte 50 Joer ëmmer nees widderhëlt: Huelt den C an och den S aus ärem Numm. Sot ganz éierlech, dir wäert eng konservativ Partei, mee gitt net méi mam C a mam S Stëmmen heeschen.

Vill Bierger, déi am Geescht vun der chrëschtlecher Nächsteléift erzu goufen, a vill anerer, déi mam Chrëschtentum näischt um Hutt hunn, hunn an de leschte Wochen drun erënnert, datt en Heescheverbuet mat de Mënscherechter net kompatibel ass.

Wann d’CSV sech aus elektorale Grënn net wëllt un déi chrëschtlech Fuerderungen no Nächsteléift an nom Erhale vun der Schëpfung halen, da soll se dach op d’mannst esou éierlech sinn, an den C an den S aus hirem Numm sträichen.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.