Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - Lonely People

play_arrow Live
search

/ Burkina Faso: Massaker mat mindestens 70 Doudeger

Ufanks November

Burkina Faso: Massaker mat mindestens 70 Doudeger

Op d'mannst 70 Persoune si bei engem Massaker am Norde vum Burkina Faso ëm d‘Liewe komm. D‘Hannergrënn an d‘Auteure si bis elo net bekannt. 

auto_stories

1 min

Fest steet awer, datt de 5. November Onbekannter an der Haaptsaach Kanner an eeler leit ermort hunn. D‘EU huet de Massaker e Sonndeg fir d‘éischte Kéier ernimmt a verlaangt, datt d‘Hannergrënn misste juristesch gekläert ginn.

An der selwechter Regioun war et e puer Deeg virdrun zu Schéissereien tëscht regulären Truppen an Terroriste komm.