Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundeskanzler Scholz fuerdert eng Stäerkung vun der Loftverdeedegung

Nees-Opbau vun der Ukrain

Bundeskanzler Scholz fuerdert eng Stäerkung vun der Loftverdeedegung

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass zu Berlin. Do ass haut a muer déi drëtt international Konferenz iwwert den Nees-Opbau vun der Ukrain.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj Olaf Scholz | © picture alliance/dpa | Britta Pedersen
Foto: picture alliance/dpa | Britta Pedersen

Ronn 2.000 Vertrieder aus Politik, Wirtschaft aus iwwer 60 Länner a vun ONGe sinn dobäi. Och dobäi ass de Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth.

De Bundeskanzler Olaf Scholz huet beim Optakt vun der Konferenz eng weider Stäerkung vun der Loftverdeedegung fir d‘Ukrain gefuerdert. Méi Loftofwiersystemer wieren déi eenzeg Äntwert fir Russland ze stoppen, sot och den ukrainesche President. Nëmmen esou kéinten déi ukrainesch Stied an d‘Energieinfrastrukturen ze schützen, sou de Wolodymyr Selenskyj.

Déi russesch Bombardementer hätte bis elo schonn dozou gefouert, datt d‘Ukrain nëmmen nach d‘Hallschent vum Stroum produzéiere kann, déi d‘Land bräicht. Den ukrainesche President soll um Dënschdegmëtteg eng Ried am Bundestag halen.