Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budgetsdebatt: De Marc Spautz hieft de soziale Volet vum Budget ervir

Chamber

Budgetsdebatt: De Marc Spautz hieft de soziale Volet vum Budget ervir

An de Budgetsdebatten huet den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz sech op de soziale Volet vum Budget konzentréiert. An och den DP-Fraktiounspresident huet betount, datt d'Regierung keng Politik vum kalen Häerz géing féieren.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Et wier wichteg, datt een d’Schéier tëscht Depensen a Recetten am Staatsbudget mëttelfristeg méi beienee kritt, huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz an der Chamber betount. Et dierf een awer net vergiessen, wat een un Efforten huet missten opbréngen wéinst der Pandemie an der Energiekris am Kontext vum Ukrain-Krich.

Déi sozial Transferte wäerten awer nach ëmmer héich bleiwen. Si maache 47 Prozent vum ganze Staatsbudget aus.

Marc Spautz: Logement ass a bleift ee Problem

An dach huet d’Aarmut zu Lëtzebuerg zougeholl an dee Problem misst an den nächste Joren och geziilt ugepak ginn, fuerdert den Marc Spautz. Ee Problem wier awer pertinent.

"Den Haaptproblem hei zu Lëtzebuerg fir d'Aarmut ass de Logement. Do kënne mir sou vill diskutéieren, wéi mir wëllen. Déi deier Logementspräisser, respektiv, datt mir kee Logement fannen."

Mee och do hätt d'Regierung gehandelt, sou de Marc Spautz. Den éischte 'Logementsdësch' gouf aberuff an nei Moossname fir de Beräich Logement wieren wieren decidéiert ginn.

Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum huet iwwerdeems ënnerstrach, datt dëse Budget sozial wier, an datt d’Regierung, entgéint de Kriticke vun der Oppositioun, keng Politik vum kalen Häerz géif féieren.

Gilles Baum: "E soziale Budget"

Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum huet de Mëttwoch de Moien ënnerstrach, datt dëse Budget sozial wier an datt d’Regierung, entgéint de Kriticke vun der Oppositioun, keng Politik vum kalen Häerz géif féieren. Et wier ee Budget fir d’Mënschen a fir d’Zukunft, sou de de Gilles Baum.

„Dëst ass e Budget fir méi sozial Mesuren, e Budget fir d'Aarmut méi staark ze bekämpfen, e Budget fir méi Inclusioun, e Budget fir méi interkulturellt Zesummeliewe fir jiddwereen, fir dass jiddereen an eiser Gesellschaft seng Plaz fënnt a fir dass keen ausgeschloss gëtt.“

Lauschterenplay_arrow