Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen direkte Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Persounen aus den ONA-Strukturen

Motioun an der Chamber verworf

Keen direkte Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Persounen aus den ONA-Strukturen

D’Motioun vum gréngen Deputéierten Meris Sehovic, déi een direkte Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Persounen aus den ONA-Strukture gefuerdert huet, gouf vun de Majoritéitsparteien a vun der ADR gëschter um Mëttwoch an der Chamber verworf.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Hannergrond vun der Motioun ass de rezente Fall, wou eng Famill mat hiren zwee jonke Kanner aus engem Foyer vum Office National de l‘Accueil op d‘Strooss gesat gouf. "Eng Gesellschaft zeechent sech doduerch aus, wéi mir mat eise vulnerabelste Mënschen ëmginn", esou de Meris Sehovic vun deene Grénge beim Depot vun der Motioun, déi och vun der LSAP, déi Lénk an de Pirate mat ënnerschriwwe gi war. 

Carole Hartmann: Et feelt u Konsequenz

Wéi hir Asyldemande a leschter Instanz ofgeleent gouf, krut d’Famill den Uerder, aus där Struktur erauszegoen. Et géif sech hei net ëm een Eenzelfall handelen, huet de gréngen Deputéierte Meris Sehovic betount.

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet de Signatairë vun der Motioun dann d’Fro gestallt, ob si d’Gesetz wéilten änneren.

"Wann Dir sot, Dir akzeptéiert net, datt eng deboutéiert Persoun muss heemgoen, da musst Dir an der Konsequenz och soen, wat Dir mat deene Leit wëllt maachen, oder wat Dir un der Gesetzgebung wëllt änneren."

Mat senger Motioun géif keng generell Ännerung vum Gesetz gefuerdert ginn, betount de Meris Sehovic.

"An der Motioun froe mir eebe just, datt vulnerabel Mënschen, notamment Kanner, net aus de Strukture geheit ginn an op d'Strooss gesat ginn. Et gëtt Härtefäll, dat gouf et och schonn ëmmer. An do kann de Minister och haut schonn derogéieren."

D'Méiglechkeet gi vun enger Regulariséierung

Ee vun de Problemer wier och d’Längt vun de juristeschen Asylprozeduren, huet de Sven Clement vun der Piratepartei erkläert.

"Déi juristesch Prozeduren dauere Méint, Joren. An da si se fäerdeg a ginn d'Leit innerhalb vu fënnef Deeg virun d'Dier gesat. Dat ass net mënschlech. Gitt dach de Mënsche Planungssécherheet, gitt hinnen e Wee fir d'Schouljoer fäerdeg ze maachen an da sinn och méi Retoure méiglech."

Fir d’LSAP-Deputéiert Liz Braz géif et ebe grad ewéi 2013 d’Méiglechkeet gi vun enger Regulariséierung.

"Do si Konditiounen zesumme mat der ITM a mam Interieursministère zesummegestallt ginn, wou et geheescht huet, wann ee konnt virweisen, datt een néng Méint an deene leschten zwielef Méint eng Aarbechtsrelatioun hat, datt een e vierge casier judiciaire souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och a sengem Heemechtsland hat, da konnten dës Leit iwwer e legale Wee regulariséiert ginn."

D’Oppositiounsparteien, déi d’Motioun matgedroen hunn, hu bedauert, datt kee vun de concernéierte Ministeren an der Chamber present war, fir den Deputéierten an deem dach sensibelen Dossier Ried an Äntwert ze stoen.

Lauschterenplay_arrow