D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal schléit Alarm. An der Lescht hätt sech direkt op e puer Plaze gewisen, wéi vill Muechtmëssbrauch, Inkompetenz a Rechtsverstéiss et a verschiddene Gemengen hei am Land géif ginn, sou d'FGFC an engem nawell gepefferte Communiqué gëschter um Mëttwoch.
D'Gewerkschaft fuerdert dofir, datt d'Gemengen an Zukunft méi streng kontrolléiert ginn. Reegelméisseg an onugekënnegt. Si geet souguer souwäit ze verlaangen, d'Gemengenautonomie misst reforméiert ginn. De facto heescht dat: Ageschränkt ginn. Well "eenzel Politiker d'Demokratie géifen un d'Wackele bréngen", heescht et vun der FGFC.
Respekt virun der Gemengenautonomie
De President vum Gemengeverband Syvicol, den Emile Eicher, betount am 100,7-Interview awer, datt de d’Autonomie communale an der Verfassung steet. Lëtzebuerg war souguer ee vun den éischte Länner, dat d’Charte d’autonomie communale vum Conseil de l’Europe ënnerschriwwen huet, erkläert de fréiere Klierfer Buergermeeschter.
An dëser Charte gëtt och kloer definéiert, wat fir eng Kontrolle vun der Regierung, respektiv vum Ministère de l'Interieur iwwer d'Gemengen ausgeüübt kënne ginn.
“Dat si Contrôle de legalité an net d'opportunité. Dat heescht, datt den Interieur sech eraushält aus Decisiounen. Ob d’Gemeng elo éischter wëllt an hir Schoul investéieren oder éischter an hir Kläranlagen, als Beispill.”
Natierlech kéinte keng Gesetzer iwwerschridde ginn, rifft den Emile Eicher an Erënnerung.
"Mir brauche méi Formatiounen, mir brauche méi Consultanten"
Et ass awer och esou, datt d’Gemengepolitik an de leschte Joren ëmmer méi komplex ginn ass. Wier sou gesinn d’Autonomie net vläicht souguer bëssen ze grouss? Datt d’Gemengepappen- a Mamme sech méi Ënnerstëtzung wënschen, dat wier kloer, seet den Emile Eicher.
“Eng ganz Partie Eluë soen eis: Mir brauche méi Formatioun, mir brauche méi Consultanten. A genau op deem Punkt wëllt se Syvicol elo usetzen.”
An deem Kontext soll eng Campagne vum Syvicol, déi dëst Joer lancéiert gëtt, hëllefen. Formatiounen ënner anerem zum Theema Personalgestioun, sollen ugebuede ginn. “An ech mengen, et soll een och mat dem Ministère zesummen no Weeër sichen, méi proaktiv nach d'Gemengen ze beroden”, seet de President vum Syvicol.
De Prinzip vun der Gemengenautonomie misst also net méi staark limitéiert ginn, mee méi cadréiert.
"Et soll een net berodungsresistent sinn", mee ...
D'FGFC huet an hirem Schreiwes och ganz konkret d’Gemeng Sandweiler kritiséiert. Do hätt eng “One-Man-Consulting-Firma” quasi d'Rudder iwwerholl mat Zougang zu allen Donnéeën, zu alle Schlësselen an alles, wat ee soss nach esou brauch.
Den Emile Eicher wëll keng Eenzelfäll kommentéieren, weist awer drop hin, datt sech d'Buergermeeschtesch och dergéint wiert a kloerstellt, datt dat bei hinnen net de Fall wier.
“Consultance mengen ech ass ëmmer normal. Et soll een net berodungsresistent sinn an et brauch een och e Wësse vu baussen. Dat ass an de verschiddenste Beräicher. (...) Mee et ass awer genau sou kloer, et ass um Elu, et ass um Schäfferot, fir d'Decisiounen ze huelen.”
Eng nei Mediatiounsplattform fir d'Zukunft?
Wann dee gewielte Vertrieder dann emol eng Kéier iwwer d'Sträng schloe sollt, muss hien dann och kënne perséinlech haftbar gemaach ginn? Dat ass nämlech och eng Fuerderung vun der FGFC. “Ech mengen all Mënsch hei am Land huet sech un d'Gesetzer ze halen”, seet dozou den Emile Eicher.
“Dir kënnt keng Leit mobben. Ob Dir elo als Kolleeg dat maacht, als Patron oder als Ugestallten. Dat ass ganz egal. D'Gesetzer ziele fir jiddwereen. An deem Sënn do mengen ech gëtt et keng Ausnam.”
Der Gewerkschaft geet et natierlech virun allem ëm d'Wuel vum Personal. Falls een also als Gemengebeamten oder als Gemengenaarbechter d'Gefill huet, de Patron géif sech net korrekt verhalen, ginn et verschidden Ulafstellen, erkläert den Emile Eicher.
“Wat de Fonctionnaire ubelaangt, do ass et esou, datt Dir e Service psycho-social hutt bei der Fonction publique, deen net nëmme fir d'Staatsbeamten, mee och fir d'Gemengebeamten zoustänneg ass.”
Eng Mediatiounsplattform, déi et fir sämtlech Employéen a Beamten an och Salariéen zoustänneg ass, géif et an där Form awer nach net ginn. D’Schafe vu sou enger Plattform géing de Syvicol zwar begréissen, mee et wier deen Ament net just un de Gemengen, dat ze decidéieren.