Deemools et awer en temporären Enkpass bei de Pediateren, confirméiert haut d‘Nach-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng deementspriechend Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.
D‘Bestellunge vun de Pediatere wieren deemno iwwert den disponibele Stock erausgaangen, dofir wier eng Ëmverdeelung gemaach ginn, tëscht den Dosen, déi de Maternitéen zur Verfügung gestallt goufen, an dem disponibele Stock fir d‘Kannerdokteren. De Problem wier an Tëscht behuewen.
Weider präziséiert d‘Ministerin, datt fir dëse Wanter 14.200 Dose vum Impfstoff bestallt goufen. Vun den Eltere vu Kanner déi tëschent Januar a September dëst Joer op d‘Welt koumen, an déi beim Kannerdokter eng Impfung proposéiert kruten, hätten 80 Prozent dovu Gebrauch gemaach. An och 80 Prozent vun den Neigebuerene goufen zanter dem 1. Oktober an de Maternitéë geimpft.